Automag - RevivalOpel Corsa GSE

Paul Origer
Kann den neie GSE un den Zäitalter vu GSi uknäppen? De Paul Origer hat d'Geleeënheet den direkte Verglach ze maachen.

GSi – dës 3 Buschtawen hunn an den 80er an 90er fir Häerzklappe gesuergt – schliisslech stoungen déi bei de Modeller Corsa, Kadett, Astra a Manta fir déi sportlechst Versioun vun der Gamm. Elo léisst Opel dës Bezeechnung nees opliewen, an zwar bei deem klengste vun der Gamm – ersetzt awer den i duerch een E. Ass den elektresche Corsa GSE ee richtegen Hot Hatch wéi fréier? De Paul Origer huet dat fir eis op der Presentatioun zu Wien erausfonnt.

Automag: Opel Corsa GSE

Opel vergësst seng Traditioun net an hat op der Presentatioun zu Wien och all d'Virgänger vum neie Corsa GSE fir een Test prett stoen. An dat war faszinant, festzestellen wéi vill Evolutioun an de Jore geschitt ass. Mee emol der Rei no.

© Paul Origer

Den Design

Wëll Spoiler sicht ee beim Corsa GSE ëmsoss, de sportlechste vun den Elektro-Corsa ass diskret ënnerwee. Déi nei gezeechent Pare-Chocen, mat schwaarzen Akzenter hannen a vir, esou wéi déi verbreete Radhaiser stieche manner an d'A wéi déi speziell 18-Zoll-Rieder, déi den 3-Speechen-Design vum Corsa A GSi zitéieren. Eng flott Iddi ass den Asaz vun der grell gieler Opelfaarf, déi baussen un den extra performante Bremssiedel ze erkennen ass.

© Paul Origer

Den Interieur

En absolutte Muss si Sportsëtzer an un déi huet Opel geduecht. Esouguer am flotte Retro-Karostoff, garnéiert mat quiitschgiele Gurten. Just sinn déi dynamesch Miwwele relativ enk fir meng net grad breet Hëften, an den Tableau ënnerscheet sech guer net vum Normalo-Corsa.

© Paul Origer

Éischter mierkt een, dass trotz Facelift, de klengen Opel schonn e puer Joer um Bockel huet. Infotainment an Ecrane si wierklech net méi um neiste Stand.

Den Undriff

Ugefaangen huet et 1989 mat genee 100 Päerd fir lächerlech 820 Kilo. Haut si mer bei ganzen 281 Elektro-Kavalloen ukomm, déi zesumme mat 345 Nm awer bal dat duebelt, nämlech 1554 Kilo ze stemmen hunn. Mat enger 54 kW-Stonne-Batterie sinn esou maximal 374 km Autonomie méiglech, d'maximal Luedvitesse läit bei 100 kW.

© Paul Origer

Op der Strooss

Et gouf awer och Zäit, schliisslech krute mer mat den Donnéeë laang de Mond wässereg gemaach. Grouss war d'Iwwerraschung net... typesch Elektro geet de Corsa mat bal 300 Päerd wéi Feier vun der Plaz. Vun 0 op 100 vergi jee no Fuermodus 5,5 Sekonnen, bei 180 ass Schluss. Op Wonsch mat engem diskreten an net iwwerdriwwenen Elektro-Sound.

© Paul Origer

Méi Gehierschmalz gouf an dat komplett iwwerschaffte Fuerwierk investéiert. Méi déif, méi breet, méi steif – d'Grenze vum Corsa GSE ze fannen, war quasi onméiglech. Et konnt een e mat egal wéi enger Vitesse an d'Kéier geheien, en huet weder gewibbelt, nach béis iwwerrascht an nees propper erausgezunn. Gutt, vir gedriwwen a vill Leeschtung, dat mécht sech och hei an der Steierung bemierkbar, bleift awer nach am grénge Beräich. Kloer gëtt et op naasser Strooss awer spannend, do wäert d'LSD-Differenzial nach Aarbecht kréien.

© Paul Origer

Am Resumé

Wat soll ech soen... 74 PS méi wéi dee leschte Corsa OPC, 1,6 Sekonne méi séier op 100 – ee Feeler huet Opel gemaach, andeems se déi al Modeller fir ze fueren dohinner gestallt haten. Ech hat domat definitiv méi Furri a méi Emotiounen. Läit et um Bensinn a mengem Blutt? Héieren ech léiwer eng Explosiounsmaschinn ënnert dem Capot schaffen? Ka sinn. Jiddefalls freet et mech, dat d'Kategorie Spaassautoen och am Elektrozäitalter dierf viruliewen, dofir: Merci Opel! A wiem 45.000 Euro net ze vill sinn, dee kritt sécherlech ee flotten Hot Hatch aus der neier Zäit, mat vill Wuppes an engem perfekte Fuerwierk.

© Paul Origer

Opel Corsa GSE um Internet

Back to Top
CIM LOGO