Haut si mir am nawell séier ënnerwee. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun, hat nämlech ee Porsche ënnert de Rieder. Allerdéngs kee ganz normalen, mee de Porsche GT3 S/C. Wat ass dann esou speziell un dësem Porsche, Rich?
Fir et ganz kuerz ze maachen: et ass d'Cabrio Versioun vum GT3. Als Cabrio gouf et de GT3 nämlech bis elo nach net. An dat ass dann dach schonns bësse revolutionär. E puer Porsche Puriste wäerten mam GT3 Cabrio hir Problemer hunn. Am Style, datt ee Cabrio eppes fir Meedercher ass an dass ee Mann ee festen Daach iwwert dem Kapp brauch. Fir mech ass dat awer eng onnëtzt Diskussioun, well och de Cabrio, an der GT3-Versioun, eng richteg Rennmaschinn ass, ouni "wenn und aber".

Ganz kloer Jo. De Motor ass identesch. Zum Asaz kënnt de 4 Liter Sauger, mat 510 Päerd a 450 Newtonmeter. Den optimale Sound, mam oppenen Daach, ass do garantéiert. Och wann den Auto nach am Ralenti leeft. Et ass de Porsche-Klang deen eenzegaarteg ass.

De Cabrio ass mat 1.497 Kilo just 18 Kilo méi schwéier wéi déi normal Coupé-Versioun. Dat heescht, datt de Sprint vun 0 op 100 an 3,9 Sekonne gepackt ass. D'Spëtzt, déi läit bei 313 Kilometer an der Stonn.

Dat si blank Zifferen, déi awer trotzdeem fir sech schwätzen. Och wa vill Autoe mat Elektroundriff, mëttlerweil ënnert déi 3,9 Sekonnen kommen. Déi 313 Kilometer an der Stonn, déi stinn dann awer ausser Konkurrenz mat engem Elektroflitzer.

Zu Zuffenhausen wësse se, wéi Traktioun geet. Stand 2026 weess ech net, wéi's de een "normalen" Auto besser kanns op d'Strooss bréngen, wéi dat beim GT3 S/C de Fall ass. Nodeems déi serieméisseg Keramikbremsen op Temperatur bruecht goufen, ass bei mir de Fouss vun der Gaspedal, extrem nervös ginn. Vum éischte Moment u fillt ee sech am GT3 S/C op der sécherer Säit. Et mécht einfach nëmme Spaass, den Auto vun eng Kéier an déi aner ze beetschen. Och a ganz enke Kéieren, muss ee sech schonns Vitesstechnesch ustrengen, fir datt den Auto hannen e bëssen ewech geet. Hei kënnt déi ganz Porscherfarung zum Asaz. Engersäits ass d'Geometrie vun den hënneschte Rieder esou, datt d'Pneuen uewen méi no banne stinn, wéi dat ënnen de Fall ass. Dobäi kënnt dann och nach, datt déi hënneschte Rieder, mat ronn 2 Grad, mat alenken. All déi technesch Detailer maachen et aus, datt de GT3 S/C op der Strooss pecht.

Virun allem d'Boîte. Et gëtt den S/C just mat enger manueller 6 Gang Boîte. Am Géigesaz zum normale GT3, ass 7 Gang PDK Boîte net ze kréien. An dat dierft de Puristen, dann awer nees an d'Kaarte spillen. Eng richteg gutt "Old Shool" manuell Boîte. An déi ass einfach nëmme sensationell! Méi präzis kann een eng Handschaltung, a mengen Aen, net entwéckelen. Wann een de Motor, bis op 9.000 Touren erop dréit an een dann ee Gang erop schalt, huet een einfach nëmme Glécksgefiller an den Hormonspigel ass net méi ze bremsen.

Speziell ass natierlech logescherweis och den oppene Cabrio-Daach. Fir Gewiicht ze spueren, kënnt hei vill Magnesium zum Asaz. Den Daach léisst sech an 12 Sekonnen, bei enger maximaler Vitess vu 50 Kilometer an der Stonn, op an zou maachen. Méi séier ginn déi zwee Wandschutzen erop. Nämlech an 2 Sekonnen, an dat bei enger maximaler Vitess, vun 120 Kilometer an der Stonn.
Wann eppes schlecht oder net gutt un engem Auto ass, da soe mir dat op dëser Plaz och ëmmer. Beim GT3 S/C ass et awer schwéier, eppes Negatives ze fannen. Dofir wëll ech mech op de Präis limitéieren. Ee Porsche, an dat ass gewosst, kritt een net zu engem Schnäppchepräis. 265.205 Euro kascht de GT3 S/C an der Basis.
Zum Spaass, hunn ech mir mäin Dram-GT3 S/C konfiguréiert. An hei koum ech op 341.567 Euro. Wann een esou vill fir een Auto ausgëtt, dann dierften déi 13,7 Liter Bensinn op 100 Kilometer, déi Porsche als Verbrauch ugëtt, dem potenzielle Keefer, och bei den héije Spritpräisser, net vill ausmaachen.
