Op eng Weltpremière gëtt een och net all Dag invitéiert. Mee den Automag krut awer esou eng Invitatioun, an dat fir de Spëtzemodell-vu Škoda, de Modell Peaq, offiziell ze devoiléieren. De Christian Schmit hat d'Chance do dierfen dobäi ze sinn, an dat op enger Plaz, déi den ideale Kader fir di Presentatioun gebueden huet. Um Balcon de Genève um Mont Salève, an dat a Präsenz vu kengem anere wéi de 4-fachen Tour de France Gewënner Chris Froome. Škoda ass jo de Motor vum Vëlo Sport, mee dozou méi spéit.

Mam Peaq proposéiert Škoda elo e 4m90 laangen SUV, an no Epiq, Elroc a Enyaq ass een dann elo un der Spëtzt ukomm? Dat froe mir de CEO vu Škoda, de Klaus Zellmer, dee mir am Interview haten.

Klaus Zellmer: "Peaq heisst ja Gipfel, und das ist der Gipfel in unserem Portfolio, aber das muss natürlich auch ein Gipfel sein den man spürt. Und das tut man hier oben ganz gut. Jetzt sehen wie unsere Interessenten, Kunden darauf reagieren. Bisher ist das Feedback ganz gut bei Produkt Analysten, Händlern, und Journalisten. Aber das Ganze muss sich jetzt auch in den Verkäufen zeigen, und das warten wir jetzt mal ab."

Et ass jo och elo deen éischten elektresche 7-Sëtzer-Modell vum tschechesche Constructeur, an alles hat 2022 mam Concept Car Vision 7S ugefaangen.
Klaus Zellmer: "Designsprache die wir ursprünglich definiert haben, zeitlos, sehr elegant, sehr aerodynamisch. Das ist einer der aerodynamischsten SUV im Segment, und da sind wir sehr stolz drauf. Trotzdem hat er eine Eigenständigkeit."

Modern Solid Design huet e sech jo elo op de Fändel geschriwwen, an dee gouf hei mat abezunn.

De Peaq kënnt reng elektresch mat 2 Leeschtungsvarianten, woubäi bei där Gréisst un Auto, di 91 kW/h Batterie wuel am meeschte Sënn mécht. An da soll ee bis 600 km domadder kommen a mat bis zu 200 kW kënne lueden, dat ganz relax mat vill Confort a Luxus an enger Top Soundanlag u Bord. Vill clever Léisunge kommen, Škoda oblige, net ze kuerz, mee präislech wëll e nawell um Teppech bleiwen.


Klaus Zellmer: "Der Peaq, den man jetzt hier sieht, darf man preislich gerne mal im Wettbewerb hier preislich spiegeln, und da sind wir schon sehr attraktiv."

An d’Roadmap fir Zukunft bei Škoda?
Klaus Zellmer: "Na was uns noch fehlt ist eine Limousine oder Kombi als batterietechnisches Auto. Letztes Jahr haben wir den Vision O gezeigt, da kann man sich jetzt darauf freuen. Wird aber frühestens zum Ende der Dekade kommen. Auf dem Weg dahin wird es natürlich noch Produktaufwertungen geben, und ganz viel Freude macht uns zur Zeit der Karoq-Nachfolger."

A fir op den Tour de France zeréck ze kommen, den Directeur de course ass och 2026 mam Peaq duerch den Hexagone gefuer.
Klaus Zellmer: "Wir hatten ursprünglich nur 3 Etappen geplant, aber als unsere Freunde der Tour de France, Monsieur Prudhomme, das Auto gesehen hat, sagte er, das ist so gross, den möchten wir auf mehreren Etappen sehen. Freuen wir uns natürlich."
