An dësem Automag si mir mat engem relativ klengen Auto ënnerwee. An der Gamme vun Toyota, ass et esouguer de Klengsten. Nämlech den Aygo X. De Rich Simon hat de klenge Hybrid am Test. Wéi kleng ass den Aygo X dann?
Fir genee ze sinn, 3 Meter a 77 Zentimeter. Vill méi kleng Autoen, ginn et den Ament net. Den Dacia Spring ass zum Beispill esou een. Den huet nach 7 Zentimeter manner. Mir schwätzen also vun engem Auto, deen an d'Mall vun engem grousse Luxus Camper passt. Du kanns mat him awer och eng Parkplaz, mat engem zweete klenge Flitzer deelen. Den Aygo X ass a sech den idealen Auto, fir an enger Groussstad ënnerwee ze sinn a just heiansdo e puer Kilometer méi wäit domadder ze fueren. Fir déi grouss Distanzen, muss dann de Camper duer halen.

Hei zu Lëtzebuerg hu mir keng Groussstad an Distanzen hale sech och a Grenzen. Du bass den Auto awer och bei eis am Land gefuer.
An dat wärend enger Woch. Virun engem knappe Joer, bei der offizieller Presentatioun, konnt ech den Aygo X knapp 150 Kilometer fueren, elo waren et der awer eng Partie méi. Ech hat dobäi de GR Sport Model. Deen ass e bësse méi sec ofgestëmmt. Dat bréngt mat sech, datt een Knuppen an d'Lächer besser spiert wéi bei der normaler Versioun. Fir deen ee Chauffeur eng "plus-value", fir deen aneren net.

De Motor ass bei deenen zwou Versiounen identesch. Een 1,5 Liter 3 Zylinder, mat kombinéierten 116 PS, déi aus dem Bensinn Aggregat, respektiv dem Elektroundriff kommen.
Geet dat dann u Leeschtung duer?
Vis à vis vum Virgänger Modell, ass et ee Plus vun ëmmerhi 44 Päerd. Dat ass schonns eppes. Allerdéngs ass den Aygo X nach ëmmer keng Rennmaschinn. Fir richteg sportlech kënnen ënnerwee ze sinn, muss een da schonns bei de grousse Brudder, de GR Yaris, wiesselen. Et ass awer schonns een Ënnerscheed zum Virgänger Model, deen a sech eng lam Int war. An der Konkurrenz awer mat rengen Elektroautoen, sinn déi 9,2 Sekonnen, déi ee vun 0 op 100 brauch, dann awer eng gefillten Éiwegkeet. D'Spëtzt déi läit bei 172 Kilometer an der Stonn. Toyota hält beim neien Aygo X, nach ëmmer un der CVT Boîte fest. Iwwer déi hunn ech mech schonns dacks, negativ geäussert. Beim neien Aygo X, ass déi awer ee gudde Krack besser ginn. Beim Kickdown héiert een zwar nach ëmmer de Motor, awer awer laang net méi esou haart, wéi nach beim Virgänger. Punkte kann den Aygo X beim Verbrauch. Offiziell läit dee laut WLTP, bei 3,7 Liter. Op der ronn 650 Kilometer déi ech mam Aurto ënnerwee war, louch mäi Verbrauch bei gudde 4,3 Liter.
Et ass ee klengen Auto. Huet een awer trotzdeem genuch Plaz?
Jein. Wann een den Auto keeft fir zu 2 bis an d'Stad ze fueren, dann ass den Aygo X perfekt. D'Raumgefill ass vir am Auto wierklech gutt. Et fillt ee sech net ageengt, och wann een iwwer 1 Meter 80 grouss ass.

Dat ass hannen am Auto, awer definitiv net de Fall. Theoretesch, soll hannen nach Plaz sinn, fir zwee Erwuessener. No e puer Kilometer géifen déi sech awer fillen, wéi no der éischter Stonn am Yoga Cours. Verrenke muss ee sech och, wann een déi hënnescht Fënster wëll opmaachen. Déi geet nämlech net mat engem Knäppchen elektresch erop oder erof, mee just mat engem Hiewel säitlech e bëssen op.

Mat 231 Liter, ass d'Mall wéi wéi iwwersiichtlech an et ass net derwäert, fir sech am Supermarché bei de Grand Volume Promotiounen ëmzekucken.
Zum Schluss dann nach de Präis vum Aygo X an och däi Fazit...
Den Aygo X, gëtt et vun 21.960 Euro un. Dat ass ganz attraktiv! Fir den GR Sport, deen ech am Test hat, muss een awer schonns 28.535 Euro op den Dësch leeën. An dat sinn dann awer schonns vill Suen, fir dee klengen Auto. An domadder wier ech dann och schonns beim Fazit. Fir mech ass déi einfach Versioun, de bessere Choix, wann ee sech wëll een zweeten Auto zouleeën, mat deem ee kuerz Strecke fiert an dobäi net vill Bensinn verbraucht. De GR Sport gesäit zwar besser aus. d'Sportlechkeet bleift awer trotz deem engem oder anere Feature op der Streck.
