Genee doriwwer huet sech VW Gedanke gemaach an um Virowend vun der IAA 150 international Journalisten op München agelueden. Mat dobäi war och de Paul Origer aus eiser Automag-Redaktioun, dee sech iwwert den “New Auto” informéiert huet.
Autosconstructeur war gëschter – Mobilitéitsentreprise ass muer. An déi soll, esou VW, ouni Emissiounen an autonom fonctionnéieren. Bis 2030 gëtt geplangt den CO2-Foussofdrock pro Auto ëm 30 Prozent ze reduzéieren. Anengems erwaart Volkswagen dat de Maart vun de Verbrenner erofgeet an esou den Undeel vun de verkaften Elektroautoen op 50% klëmmt. 2040 sollen all nei Gefierer vun der VW-Famill quasi 100% emissiounsfräi sinn, bis spéitstens 2050 de ganze Konzern klimaneutral ass. VW huet 73 Milliarden Euro fir dës Technologie vun der Zukunft déi nächst 4 Joer virgesinn.
Nëmmen nach 2 Plattforme fir Elektrogefierer decken deemnächst d’Palett of. Eng nei skaléierbar Plattform SSP ass dann ab 2026 d’Basis fir d’Produktioun vu rengen E-Autoen, voll elektresch, voll digital an héich skaléierbar, also fir all Modell passend. D’Hardware aleng geet awer net duer, reng em d’Software bekëmmert sech an Zukunft CARIAD – en neie Member an der grousser VW-Famill dee sech ëm dat intelligent an autonoomt Fuere këmmert. Dozou gehéieren Upgrades an Updates Over the Air – leider ginn et nach keng lëtzebuerger Wieder dofir mee et heescht esouvill wéi: den Auto ass ëmmer um leschte Stand an de Propriétaire muss dofir net vill maachen. An à propos net vill maachen; Level 4 gëtt ab 2025 versprach; dee Moment kann de Client d’Fuere sengem Auto vollstänneg iwwerloossen.
Performant Software an elektrescht Fueren – alles schéin a gutt. Mee ouni déi néideg Energie, spréch Batterien fonctionéiert d’Zukunft net. An enger vu 6 geplangte Giga-Batteriefabriken, do wou haut Motore gebaut ginn, nämlech zu Salzgitter, soll ab 2025 mam chinesesche Spezialist Gotion High Tech eng eege Batterietechnik entwéckelt ginn. Och d’Luede gëtt méi konfortabel a méi einfach; bis zu 350 Kilowatt – dat héchst wat aktuell méiglech ass – packen déi nei Schnellluedstatiounen. Insgesamt wëll de VW-Konzern 18.000 esou High Performance Charger an Europa installéieren.
Gläich zwee Highlights an engem hat VW op hir New-Auto-Soirée matbruecht: den nach getarnten Elektro-Van ID.Buzz an domat anengems e Pilotprojet deen deemnächst zu München start. Nämlech dee vum autonome Shuttle; net ze iwwersinn sinn déi onzieleg Radare, Kameraen a performant Lidare déi den ID.Buzz eleng duerch d’Stroosse fuere loossen. Hindernisser evitéieren, Geforen erkennen, Situatiounen aschätzen – et ass erstaunlech wéi performant d’Software ginn ass. 2025 plangt VW, säin éischten autonome Mobilitéitsservice an Europa a kuerz duerno an den USA unzebidden. An dat kéint zum grousse Geschäft ginn; bis 2030 soll de Marché fir Mobilitéit als Service eleng an de 5 gréissten europäesche Mäert op 70 Milliarden US-Dollar kommen.
Grouss Verännerunge stinn also virun der Dir, besonnesch fir ronn 330.000 Mataarbechter vu VW, déi haut nach “traditionell” Autoe bauen. An den nächsten 10 Joer gëtt e massiven Transformatiounsprogramm ëmgesat, zum groussen E-Mobilitéitszentrum gëtt d’Wierk zu Zwickau – e Wierk mat Geschicht – keen anere wéi den Trabant ass hei virun iwwer 60 Joer vum Band gelaf.