
Dat soen d'Zuele vun 2015 bis 2025. D'Phänomen, fir iwwer d'Schinnen op déi aner Säit ze lafen, hëlt zou, stellt d'Personal vun den CFL fest. De Lëtzebuerger Chifferen no gouf et där Passagen zejoert am meeschten zu Péiteng a Rodange. Dat äntwert déi liberal Bauten- a Mobilitéitsministesch Yuriko Backes den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten a Claire Delcourt op hir parlamentaresch Fro.
De Staat fiert weider mat Reamenagementer fir geféierlech Plazen ze entschäerfen, notamment Barrièrespassagen ewechzehuelen, zum Beispill zu Dummeldeng.
Fir eng Videosurveillance um Reseau gëtt et am Moment keng legal Basis, heescht et vun der Ministesch. Et gëtt keng Donnéeën iwwer eventuell Protokoller, déi an deem Kontext geschriwwe goufen. Generell gesi setzt een am Ministère éischter op d'Preventioun wéi op Repressioun. Ënner anerem gëtt et Programmer fir an de Schoulen ze sensibiliséieren.