An hirer Riet huet d'Yuriko Backes ervirgehuewenen, datt d'Personal vu Ponts et Chaussées duerch hir Aarbecht konkret eppes un der "Amelioratioun vun eisem Stroossennetz" bäidréit. Duerch si géift dëst och "méi sécher, méi performant ginn" a wier och "prett, fir d'Erausfuerderunge vu muer". D'Mataarbechterinnen a Mataarbechter vu Ponts et Chaussées géifen "eng essentiel Roll am Developpement vun eisem Land" spillen, och wann hir Aufgaben "net ëmmer einfach sinn".