
Alles an allem hunn 525 Chauffeuren misste blosen. 25 haten der ze vill gedronk, 6 Permisen goufen nach op der Plaz agezunn.
Géint 1 Auer e Freideg de Moien war op der Areler Autobunn iwwerdeems e Camion ferme am Zickzack ënnerwee. D’Police huet dat schwéier Gefier gestoppt. De Chauffeur hat geduuscht, gouf protokolléier a säi Camion saiséiert.