Wéinst der éischter a leschter Etapp vun der Vëloscourse kënnt et de 17., respektiv den 21. September uechter d'Stad zu Aschränkungen am Trafic.

Lass geet et e Mëttwoch an der Rue du Fossé op der Héicht vun der Place Guillaume II, wou de Peloton géint 14 Auer starte soll. D'Rue du Fossé ass dowéinst vun 9 bis 20 Auer komplett fir den Trafic gespaart. D'Arrivée ass fir ëm 18 Auer an der Rue Sigefroi op Héicht vum Fëschmaart virgesinn, dowéinst sinn ënner anerem d'Rue Sigefroi, d'Rue de la Boucherie, d'Rue du Rost, d'Rue de l'Eau an d'Rue du Palais de Justice (jee no Besoin) vun 8 bis 23 Auer fir de Verkéier zou.

D'Arrivée vun der leschter Etapp e Sonndeg den 21. ass fir tëschent 14.30 a 15.30 Auer virgesinn, dat um Lampertsbierg an der Avenue Victor Hugo op der Héicht vun der Place Laurent. D'Avenue Victor Hugo an d'Rue Henri VII sinn dowéinst tëschent 9 an 19 Auer fir den Trafic gespaart, Parken ass vu 6 bis 22 Auer verbueden.

Weider Aschränkungen a Spärungen am Trafic, wéi och d'Adaptatioune vum Stater Busreseau am Kader vum Škoda Tour de Luxembourg, kënnt Dir am Detail am Schreiwes vun der Ville de Luxembourg noliesen.

RTL

Geplangte Spärungen am Kader vun der 1. Etapp / © VdL

RTL

Geplangte Spärungen am Kader vun der 5. a leschter Etapp / © VdL