Um Findel soll an noer Zukunft vill gebaut, renovéiert a moderniséiert ginn.

Nieft neien Tank-Anlagen an enger méi transparenter Kommunikatiounsprozedur fir Grenzkontrollen, soll och een neien Tower op de Flughafe kommen, wéi den Deputéierten en Donneschdeg an der Mobilitéitskommissioun matgedeelt ginn ass. Ee reng virtuellen Tower, wéi d'Regierung e virum Summer consideréiert hat, soll et net ginn. Ma et géif een elo op d'Piste vun engem hybriden Tower goen.

Hybriden Tower um Findel - Reportage Céline Eischen

Flughäfe si wichteg Pilieren fir d'Resilienz vun engem Land, besonnesch an dësen Zäiten. Dofir muss och an hier Infrastruktur investéiert ginn, esou d'Baute-Ministesch Yuriko Backes: "Mir gesinn, wat op anere Flughäfe geschitt. Dofir musse mer hei an d' Sécherheet vun eisen Infrastrukturen, dat sinn och d'IT -Infrastrukturen, wierklech investéieren." 
 
Ee méi därege Sujet ass jo een neien Tower um Flughafen, dee schonn am Koalitiounsaccord 2018 stoung. Elo soll awer Beweegung an den Dossier kommen: "Ech wëll elo wierklech hei Neel mat Käpp maachen, wat hei virgesinn ass, dass mer à terme och een traditionellen Tower hunn, mat vue op d' Piste, dass mer awer och mat der Technologie matginn, dass mer och digital Funktiounen an deem Tower hunn. Wann dat eent ausfält, da kann dat anert eeben gräifen."

Well nach virum Summer rieds war vun engem reng digitalen Tower, huet den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten eng Diskussioun zu dësem Sujet an der Missioun ugefrot: "Ech sinn eigentlech ganz frou, dass déi Iddi vun deem reng virtuellen Tower, dass déi elo vum Dësch ass an dass elo eng Solutioun gesicht gëtt, wou mer souwuel en analogen Tower hunn, wou nach d' Fluchlootsen de Verkéier mat den Aen no bausse kënnen iwwerwaachen, kombinéiert mat enger digitaler Approche. An ech mengen, dass dat och dee richtege Wee ass."

De Meris Sehovic vun déi Gréng kéint mat dëser Propos vun der Ministesch liewen. Fir hien wier ee virtuellen Tower op alle Fall déi falsch Piste gewiescht: "Dat hätt mat sech bruecht, dass mer guer net méi sécher sinn, dass mer d'Souveränitéit iwwer eisen Loftraum géifen halen, well esou en digitalen Tower net forcement vu Lëtzebuerg aus muss bedéngt ginn."

Och fir de Marc Goergen vun de Piraten ass et wichteg, datt ee physeschen Tower um Findel present bleift: "Fir eis ass wichteg, dass en éischtens um Terrain vum Findel bleift, dass déi direkt kënne reagéieren, well Dir wësst, hautzedaags, a mir warnen oft, wéi schnell eppes ka gehackt oder piratéiert ginn."

D'Detailer vum Projet ginn elo am zoustännege Ministère ausgeschafft. D'Deputéiert ware sech dann och an der Kommissioun eens, datt eng Motioun soll an d'Chamber abruecht ginn, déi sech dofir ausschwätzt, datt d'Fluch-Iwwerwaachung och an Zukunft exklusiv hei zu Lëtzebuerg soll gemaach ginn.