Lëtzebuerg kritt e System, deen Autosplacken automatesch identifizéiert
De Grand-Duché ass eent vun nach fënnef Länner an der EU, déi nach kee sougenannten ANPR-System hunn. Dat soll sech awer geschwënn änneren.
Op de Lëtzebuerger Stroosse soll ee System installéiert ginn, deen d'Placke vun de Gefierer automatesch erkennt. Den Inneminister Léon Gloden huet den entspriechende Projet de loi e Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun a virun der Press presentéiert. De Grondprinzip vum System gouf vu kenger Partei a Fro gestallt, ma verschidden Dispositioune ginn Deeler vun der Oppositioun awer ze wäit.
Automatic number-plate recognition, kuerz ANPR, sou heescht deen neie System. Dëse besteet aus intelligente Kameraen, déi an enger éischter Phas op den Autobunnen an der Géigend vun de Grenzen installéiert ginn an déi d'Placke vun all Gefier ophuelen. Dës Biller gi mat den Donnéeë vu verschiddenen nationalen an internationalen Datebanken ofgeglach a wa sech erausstelle sollt, datt zum Beispill ee Gefier als geklaut gemellt ass, gëtt ee sougenannten Hit ugewisen.
Nieft de Placken erkennt een op de Fotoen och dat ganzt Gefier, de Chauffer an d'Passagéier. Haaptzil vum ANPR-System ass de Kampf géint déi schwéier an organiséiert Kriminalitéit an den Terrorismus. E kann awer och agesat ginn, fir Leit ze fannen, déi entweder am Kader vun engem Mandat d'arrêt gesicht, oder déi vermësst ginn. De System kéint och bis zu 12 Stonne virun a wärend grousse Manifestatiounen an den Asaz kommen, zum Beispill fir Hooligans ze detektéieren, déi op ee Fussballmatch kommen. D'Police war Demandeur, fir den ANPR-System ze kréien a fir den Inneminister Léon Gloden ass déi Demande och fondéiert.
"D'Zil ass et ganz kloer, d'Reaktiounsfäegkeet vun der Policeaarbecht ze verbesseren, andeems se méi schnell ka gemaach ginn. Dir wësst an ech hunn et schonn e puer Mol gesot, d'Donnéeë sinn d'Gold vum 21. Joerhonnert an déi Kriminell duerfe kee Schrëtt virun eis goen, mee mir mussen deene Kriminellen ee Schrëtt viraus sinn."
D'Donnéeë ginn 28 Deeg gehalen, äert se geläscht ginn. De Marc Goergen vun de Pirate kann dat novollzéien, am Fall wou et zu engem Hit kënnt. Hie stéiert sech awer dorunner, datt dat generell de Fall wäert sinn.
"Dir huelt esouwuel vum Chauffer wéi och vun de Passagéier eng Foto an och wann ee sech näischt zu Schold komme gelooss hutt, späichert der déi 28 Deeg. Dat heescht, dat ass ee Beweegungsprofil, en plus, wann der lo nach gesot hutt, et ass net just op den Autobunnen op de Grenzen, mee hannenno gëtt dat mobil agesat, et kann am Land agesat ginn, dann hu mer awer ee ganzt Profil, dat een doduerch kann erstellen. En plus, et sinn onschëlleg Bierger. Datt dir een Hit fannt an engem Hit nogitt, verstinn ech, mee firwat ginn hei Fotoe geholl, och vun de Passagéier, déi u sech guer näischt domadder ze doen hunn? Wann ech lo mat menge Kanner fueren, da sinn déi op eemol bei iech an der Datebank op enger Foto a mir si ganz normal iwwert eng Lëtzebuerger Autobunn gefuer."

© Marc Hoscheid / RTL
Den Directeur-adjoint vun der Police, Alain Engelhardt, huet ënnerstrach, datt een d'Donnéeën am Normalfall just sammelt awer se net traitéiert. Dat wier nëmmen am Kader vun enger Enquête méiglech. An deem Fall kënnen d'Donnéeën dann och méi laang wéi 28 Deeg gehale ginn.
Wéi vum Marc Goergen ugeschwat, wäert de System an enger zweeter Phas och op verschiddenen Nationalstroossen installéiert ginn. Fir de Meris Sehovic vun deene Grénge werft dat awer Froen nom Schutz vun der Privatsphär op.
"Bei eis zu Esch fiert d'N31, d'Nationale 31, déi fiert matten duerch d'Stad, do si lénks a riets Wunnhaiser. D'Visopols-Gesetz verbitt et eigentlech, datt Kameraen esou installéiert ginn, datt se d'Privatraim vu Particulieren erfaassen. Ech gesi keng esou eng Garantie an deem heite Gesetz, heescht dat, datt mer iwwert deen dote System keng Garantie hunn, datt mer d'Erfaasse vu Privatraim, zum Beispill vun Entréeën a sou weider, ganz sécher verhënneren?"
Dem Léon Gloden no wier esou eng Ausriichtung vun de Kamerae schonn duerch d'Dateschutzgesetz ausgeschloss. Op eng weider Fro vum Meris Sehovic war et dann och nach d'Äntwert, datt déi Kamerae keng automatesch Gesiichtserkennung erlaben.
Wéini de System Realitéit gëtt, ass nach net ganz kloer, well dat och dovunner ofhänkt, wéi séier d'Gesetz braucht, fir duerch d'Chamber ze kommen. Op den Autobunne kéinten d'Kameraen op alle Fall séier installéiert ginn, well een dofir d'Strukture vum CITA notze wäert, déi schonn do sinn.
Da war et och nach d'Prezisioun, datt den ANPR-System, anescht wéi zum Beispill an der Belsch, net genotzt wäert ginn, fir Verstéiss géint de Code de la route festzestellen an ze poursuivéieren. Lëtzebuerg sollt nämlech keen Iwwerwaachungsstaat ginn.