
Um Méindeg fänken hei déi Haaptaarbechten un. Um Sonndeg goufen d’Preparatiounsaarbechte gemaach.
Donieft gëtt och déi nei N3 gebaut, déi eriwwer op den Houwald wäert feieren. Déi al N3, also d’Route de Thionville, soll verkéiersberouegend zeréckgebaut ginn. De Chantier wäert bis Ufank 2021 daueren, dono ass et dann un den Aarbechte vu Luxtram. Den Tram soll am September 2021 iwwert déi nei vergréissert Bréck fueren.
De Käschtepunkt vum Projet läit bei 25,2 Milliounen Euro.
RTL-NEWS: D’Aarbechten um Pont Büchler hunn ugefaangen.
An der Stad gëtt et déi nächst Deeg, respektiv Wochen, speziell op 3 Plazen e bësse méi enk am Verkéier. Dat wéinst dem Chantier vum Tram. Vum Weekend u bis nächste Mëttwoch ginn z.B. op der Kräizung Boulevard Joseph II mat der Avenue Emile Reuter ënnerierdesch Réier geluecht.
RTL-NEWS: Chantier Tram - Déi nächst Deeg a Wochen ass mat Stauen an der Stad ze rechnen.