90 StonnekilometerVitess-Kontrollen op der Teststreck: Knapp 400 Leit geblëtzt

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet mobil Radar-Kontrolle wärend der Testphas op der Areler Autobunn gemaach.
© RTL-Archiv

90 Stonnekilometer, dat war d’Vitess, déi bis de leschte Weekend wärend enger Testphas an de Spëtzestonnen op der Areler Autobunn erlaabt war.

D’Vitess-Limitatioun war dekretéiert ginn, en vue vun engem méiglechen Aféiere vun enger Spur, déi fir de Covoiturage reservéiert wier.

D’Police huet dann och mobil Radar-Kontrollen duerchgefouert. Dem Paperjam no goufen 361 Chauffere wärend enger Woch op der belscher Autobunn geblëtzt, well si sech net un d’Vitess-Limitatioun gehalen haten.

D’Evaluatioun vun der Testphas geschitt elo am zoustännegen Mobilitéitsministère.

Back to Top
CIM LOGO