Anescht wéi am Koalitiounsaccord fixéiert, soll sech awer näischt un de Fraise fir Deplacementer änneren.

AUDIO: Hausse vum Sprit / Rep. Roy Grotz (13.1.2020)

D'Präisser op der Pompel sinn am Januar an d'Luucht gaangen a wäerten dat och nach emol maachen, via eng Hausse vun den Accisen, déi tëscht Februar an Abrëll soll geschéien. Rieds geet bis zu 5 Cent um Liter Diesel an 3 Cent fir de Bensinn. Dëst hat de Finanzminister Gramegna eng éischte Kéier an der RTL-Emissioun Background am Dezember annoncéiert.

Un dëser Hausse gëtt och wieder festgehalen. Dat confirméieren d'Ministeren Turmes a Gramegna an hirer Äntwert op eng urgent parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Gilles Roth.

RTL-Informatiounen no gouf et nämlech an der Regierung hefteg Debatten doriwwer, ob effektiv no der rezenter a gepefferter Hausse vum Sprit et soll sou séier nach zu enger weiderer kommen. Absënns d'Ministere vun der DP an der LSAP hätte sech retizent gewisen an dat géint natierlech de Wëlle vun de grénge Ministeren.

D'Äntwert op déi urgent Fro vum Gilles Roth léist dës Meenungsdivergenzen an der Approche vun der Sprithausse natierlech net duerchblécken, mä et kann een awer erausliesen, wéi virsiichteg d'Sätz formuléiert sinn.

Wéi et awer heescht, géif sech d'Hausse esou maachen, datt sech un d'Präisser op de Bensinnsstatiounen an de Nopeschlänner ugepasst gëtt, grad wéi un d'international Pëtrolsmäert. Dat heescht näischt anescht, datt Ee sech eng Hannerdier opléisst, fir vläicht awer net bei 5 oder 3 Cents-Hausse ze landen.

E Moratoire op de Präisser, sou wéi vum Groupement Pétrolier gefrot, soll et kee ginn. D'Regierung verweist op de Klimaschutz a seet, datt d'Präis-Augmentatiounen sozial ofgefiedert ginn. Sou soll d'Frais de déplacement (Pendlerpauschal), anescht wéi am Koalitiounsaccord fixéiert, awer um selwechte Niveau bleiwen. Och dëst eng interessant Decisioun a sécher e Kompromëss tëscht den dräi Regierungsparteien.

Erënnert gëtt och drun, datt d'Spritpräisser natierlech an de Wuerekuerf vum Index erafléissen, an dës Tranche entfält jo lo dëse Mount, alt nees e klengt Offiederen.

Alles an allem verweisen d'Ministeren drop, datt och aner EU-Länner mussen d'Präisser op der Pompel eropsetzen, esou datt d'Differenz weider wäert zu Gonschte vun de méi bëllege Präisser hei am Land spillen. Dësen Ënnerscheed soll awer erofgedréckt ginn, esou wéi och den den Tanktourissem, wat och manner Camionen op den Autobunne géif bedeiten.

D'Ministeren Turmes a Gramegna hidde sech awer op deem Punkt an den Detail ze goen a wiere sech genee esou e präzise Montant ze nennen, ëm wéi vill da sollen d'Steieren eropgoen.

Präishausse och an Däitsche Medien

Och an der Bildzeitung gëtt iwwert d'Präishausse op de Bensinnsstatiounen zu Lëtzebuerg geschwat: "Weniger Benzin-Touristen Tank-Kunden abgeLUXt" esou den Titel an der däitscher Boulevardpress. Weider heescht et, datt et grad d'Bedreiwer vu Bensinnsstatiounen am Saarland freet, datt d'Präisser an d'Luucht ginn.

Louch den Ënnerscheet vum Präis virun engem Joer nach bei 40 Cent pro Liter, ass een elo, jee no der Dageszäit, nach knapp bei 5 Cent. Dat, esou d'Bild, géif och den Tanktourismus zu Lëtzebuerg ausbremsen.