Nach ass de Modell "Sealion 7" vun der chineesescher Mark BYD net sou bekannt, ma dat dierft sech awer an Zukunft änneren.

Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp war fir eis mam BYD Sealion 7 ënnerwee an en huet net just Kilometer, mee och Andréck gesammelt.

Automag: BYD Sealion 7 AWD

A wat mer do an d’Ae gestach ass, ass wéi dacks ee mëttlerweil BYD’en op am Alldag begéint. Ech brauch d’Mark also net méi virzestellen. Esou lues kennt ee se och hei am Land.

Manner bekannt ass awer de Sealion 7, bis elo emol. Dat kéint sech awer séier änneren. De Sealion 7 kënnt nämlech als gefällegen SUV Coupé dohier. Seng fléissend Linnen a seng markant Front am "Ocean-X Design" loossen direkt d’Famill mam Seal erkennen. Dobäi wierkt e liicht a kompakt. Et sollt ee sech awer net täusche loossen: en ass 4,83 Meter laang! Jo, dat suergt fir e gutt Raumgefill, mee beim parke brauchs de scho mol staark Nerven.

RTL

© Akim Schmit

Kanns de deng Nerven da wéinstens am Interieur e bësse schounen?

Absolut! Nieft vill Plaz huet BYD et fäerdeg bruecht vill Ekipement ënnerzebréngen ouni dass de Banneraum iwwerluede wierkt. Un der Veraarbechtung gëtt et näischt ze meckeren, besonnesch praktesch ass déi gekillte Luedschuel fir den Handy oder déi Abberzuel un Oflagen. Déi meescht Funktioune loosse sech awer just iwwert de 15,6 Zoll Ecran an der Mëtt steieren. Gutt, dass et e Sproochassistent gëtt, dee passabel funktionéiert.

RTL

© Akim Schmit

Wéi steet et dann ëm den Undriff?

D’Basis kënnt mat engem Motor un der hënneschter Achs an 313 Päerd (230 kW). Am Test hat ech d’Topversioun mat Allradundriff: 530 Päerd (390 kW) katapultéieren dech da mam 2,4 Tonne schwéieren SUV a 4,5 Sekonnen aus dem Stand op Tempo 100. Dat ass impressionnant, awer - ënnert eis - näischt wat s de am Alldag mëss.

RTL

© Akim Schmit

Do kënnt et jo éischter op d'Fuergefill un...

An do sinn ech net ganz op meng Käschte koum: de One Pedal Drive hunn ech a ville Situatioune vermësst, d’Steierung gëtt kaum Feedback vum Ënnergrond a bei méi héije Vitesse fillt sech d’Fuerwierk schwammeg an onpräzis un. Dat sinn alles keng K.O.-Krittäre, mee dat kann ee besser maachen.

RTL

© Akim Schmit

Wéi steet et dann ëm d’Reechwäit?

Fir 502 Kilometer sollen déi 91,3 kWh an der Blade-Batterie (Lithium-Eisephosphat) duergoen. An der Realitéit koum ech domat gutt 450 Kilometer wäit. Mäi Verbrauch hat sech no enger Woch bei 19,6 kWh/100 km agependelt. Nogeluede gëtt mat bis zu 230 kW (10-80% a 24 Minutten).

RTL

© Akim Schmit

An zu gudder Lescht: Wat kascht dann esou e BYD Sealion 7? 

Lass geet et bei 45.950 Euro fir d’Basis. Fir d’Allrad-Versioun aus dësem Test wiesselen op d'mannst 52.980 Euro de Kont.

RTL

© Akim Schmit