CFL multimodal mécht hir Diere fir de Public op
Dëse Weekend maache knapp 30 Entreprisen hir Dieren op, fir datt jiddereen, deen intresséiert ass, och mol eng Kéier hannert d'Kulisse ka kucken.
Ee vun deene Betriber ass CFL multimodal zu Diddeleng/Beetebuerg. E Site, op deem all Dag eng 300 Camione mat Container ukommen a fortfueren a wou och eng 10 Zich den Dag Wueren op- an oflueden. Wie sech fir dës Entreprise intresséiert, kann déi e Sonndeg tëschent 11 a 16 Auer kucke goen.
Vun der Autobunn aus gesäit een zwar d'Container, déi um Site stinn, et gesäit een och riseg grouss Brécke mat enger Zort Gräifzaangen, déi Container oder Camionsremorquë verlueden, mä wat sech soss hannert dem Drot an de Mauere verstoppt, gesinn normalerweis just déi Leit, déi do schaffen. Eng Visitt rentéiert sech deemno, virun allem well CFL multimodal seet, hiren Terminal wier ee vun deene modernsten an Europa.
D'Directrice vun de Fret-Aktivitéiten, d'Barbara Chevalier:
"Et ass e Site, dee komplett geséchert ass, dee mat de leschten Technologien ekipéiert ass, déi den Accès kontrolléieren, déi Container a Semi-Remorquen op- oder oflueden an et ass e Site, deen eng besonnesch Erfarung an der Handhabung vu Semi-Remorquen huet."
Um Site ass Plaz fir 800 Camionsremorquen an 3.000 Container vun 20 Fouss. Dodra sinn déi verschiddenst Produite wéi Stécker fir Autoen, Kleeder oder Iesswueren. En Deel vun deene Wuere kënnt aus der Lëtzebuerger Industrie oder ass fir si geduecht. Si ginn iwwer d'Strooss oder iwwer d'Schinnen transportéiert. Et géif ee probéieren, komplementar ze sinn, heescht et vun der Directrice, déi d'Virdeeler vum Zuch opzielt:
"Den Zuch consomméiert 6 mol manner Energie wéi d'Strooss, e polluéiert 9 Mol manner an de Risiko vun déidlechen Accidenter ass 85 Mol méi kleng."
D'Zich fuere vu Lëtzebuerg quasi duerch ganz Europa.
"Mir hunn Zich, déi an den Norde vun Däitschland ginn, Lübeck oder Rostock fir Skandinavien ze beliwweren. Mir hunn Zich, déi an Italien fueren, den Hafe vun Trieste. Vun do aus ginn d'Wueren haaptsächlech an d'Tierkei, mir hunn awer och eng direkt Verbindung an d'Tierkei, mir hunn Zich op Lyon, op déi spuenesch Grenz, op Paräis an natierlech op Antwerpen, deen Hafen, deen am meeschte vun der Lëtzebuerger Industrie genotzt gëtt."
D'Verbindunge ginn och weider ausgebaut. Et gi Projeten, fir Lëtzebuerg besser mam Osten ze verbannen. Virun allem mat Polen, mä och mat Ungarn a Rumänien. Eng Erausfuerderung fir d'Zukunft ass dann d'Energie. Et gouf enorm vill un der Dekarboniséierung geschafft, betount d'Barbara Chevalier, an deenen nächste Jore wéilt ee selwer Energie produzéieren. Op där enger Säit, fir kënnen erneierbar Energie ze benotzen an op där anerer Säit awer och, fir autonom ze sinn.
Dat alles kann een e Sonndeg selwer kucke goen. Et gëtt een an engem Bus iwwert de Site gefouert an et kritt een anengems Explikatiounen op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch. Den Tour dauert eng Dräivéierelsstonn. Et muss ee sech just am Viraus umellen op portesouvertes.lu an do fënnt een och d'Nimm vun deenen anere Betriber, déi bei dëser Initiativ matmaachen.