D'Etüd vun der Bréisseler ONG Transport & Environment widdersprécht domadder den Testresultater, déi verschidden Hiersteller uginn hunn.

Mat zwee Moteuren, ee Verbrenner an een elektresch, verspriechen d'rechargeable Hybriden oder "Plug-in-Hybriden", wéi se och genannt ginn, dat bescht aus zwou Welten: Mam elektresche fiert een duerch urban Zonen, ouni vill ze verschmotzen, de Verbrenner dogéint ass passend fir méi laang Trajeten. Besonnesch Leit, déi sech net komplett op den E-Auto verloosse wëllen, zéien d'Hybriden un.

De Probleem läit awer virun allem un der dacks falscher Notzung: Vill Automobilisten, déi den Hybridauto dacks als Firmenauto kréien, hunn d'Tendenz, d'Batterie net ze lueden, mee ze tanken. Doduerch, datt d'Gefier onnéidegt Gewiicht matschleeft, verbraucht et méi, de Chauffer muss méi tanken an d'CO2-Emissioune klamme méi héich, wéi et bei engem normale Verbrenner de Fall gewiescht wier.

Schonn am Mäerz zejoert haten eis Kolleege vun RTL Infos en Artikel iwwert eng Etüd vun der EU-Kommissioun publizéiert, déi erginn huet, datt d'CO2-Emissioune vu rechargeablen Hybriden 3,5 Mol méi héich wier, wéi vun de Constructeuren uginn. Déi nei Etüd vun der Bréisseler ONG Transport & Environment zeechent allerdéngs en däitlech méi uergt Bild.

D'Donnéeë goufe unhand vu 127.000 am Joer 2023 immatrikuléierte Gefierer gesammelt. Wärend sech vill Constructeuren op Resultater vun der Worldwide Harmonised Light Vehicle Test Procedure (WLTP), baséieren, déi d'Emissioune vun den Hybride bei 28g CO2/km bezifferen, kommen d'Tester vun Transport & Environment op ganzer 139g Co2/km. D'Erklärung dofir: D'Zuele vun der WLTP baséiere sech op der Hypothees, datt d'Chauffere vun den Hybride wärend 80% vun der Zäit am Elektro-Modus fueren. A Wierklechkeet dierften et net méi wéi 26% sinn.

Méi Detailer fannt Dir am Artikel vun eise Kolleege vun RTL Infos.