2030 kéinte weltwäit méi Elektroautoe verkaf ginn ewéi Autoe mat engem Verbrennungsmotor.

Dat soen d'Beroder vum "Boston Consulting Group" an enger neier Etüd. Elektroween an Hybridautoen ginn zesummegezielt.

Um Automobilmarché géif den Ament immens vill geschéien. Bis 2030 soll de Präis vun de Batterien am Verglach mat viru 5 Joer ëm 80% falen.

D'Experte ginn dovunner aus, datt bis 2030 a China an an Europa ee Véierel vun allen neie Ween just mat Batterië fiert.