Zum Patrimoine vun der Bunn gehéieren net just Lokomotiven an Zich, mä och Gebailechkeeten, dorënner Garen, Annexen a Verwaltungsgebaier.

Wéi ass et mat eisem Patrimoine ferroviaire? Eng Fro, déi ee sech och am Service des Sites et monuments gestallt huet an dofir huet dee Service d'CFL kontaktéiert, fir een Inventaire ze maachen.

Patrimoine vun der Bunn / Reportage Dany Rasqué

An Tëschenzäit ass de ganze Patrimoine vun der Bunn repertoriéiert an elo kënnt déi méi delikat Aufgab, elo musse sech d'CFL an de Service des Sites et monuments eens ginn, wat soll erhal ginn a wat ka fort.

An dat gëtt vu Fall zu Fall gekuckt. "Et si vill Gebailechkeeten, déi fir eis effektiv sollen erhale bleiwen", seet de Patrick Sanavia, den Direkter vum Service des Sites et monuments. Elo géif et drëms goen, fir ze verstoen, wat d'CFL souwisou wéilten erhalen a wat duerch gewëssen Ëmstänn kéint menacéiert sinn.

Virun 10 Deeg gouf et en éischten Tour de table tëschent Sites et monuments an der Bunn an et héiert een eraus, datt net all d'Gebailechkeete kënnen erhale bleiwen, déi an den A vun den Experten derwäert sinn, geschützt ze ginn.

De Patrick Sanavia, Direkter vu Sites et monuments: "Mer hu verstanen, datt et aus sécherheetstechnesche Grënn vläicht net méiglech ass, all déi Gebailechkeeten ze halen. Elo musse mer kucken, wa si e Projet hunn, dee vläicht déi nächst Wochen a Méint scho ka kommen, fir déi eng oder aner Gare, wéi wäit mer do kënne matgoen. Elo ze soen, am Rundumschlag, dat do ass et, dat do wëlle mir, dat do wëlle si, do si mer nach net. Mir fannen eis."

"Den Denkmalschutz ass e grousst Thema bei den CFL", verséchert d'Sandy Nonnweiler, déi Responsabel aus dem Kommunikatiounsservice op der Bunn. Si confirméiert awer och, datt net de ganze Patrimoine ferroviaire kann erhale ginn.

D'Sandy Nonnweiler: "Et ass richteg, datt ee ka soen, datt et eng Rei vu Saache ginn, mä wa mir vu Gebailechkeete schwätzen, da schwätze mir net vum Garesgebai, vum Bâtiment voyageur, wou de Client op säin Zuch waart, am Dréchenen an am Waarmen, mä dat sinn och dacks Annexen oder Schappen, déi au fur et à mesure vun der Geschicht vun den CFL eben heiansdo ze no bei de Gleiser stinn. Fir e gudden Zuchverkéier ze realiséieren, an operationell ze sinn, ass et duerchaus méiglech, datt dat eent oder anert klengt Gebai, Annexe oder Schapp der Saach muss weechen."

Wann een dann awer nofreet, wat an nächster Zäit riskéiert ze verschwannen, nennt d'Sandy Nonnweiler just d'Gare zu Ettelbréck. E Projet, deen awer scho méi laang bekannt ass. Fir de Rescht wier et net am Interêt vun den CFL Gebaier einfach esou ofzerappen, ouni Grond an ouni Sënn, heescht et vum Sandy Nonnweiler.

D'Sandy Nonnweiler: "Eis ass dru geleeën, datt mer eis Geschicht an d'Vergaangenheet vun der Eisebunn och erhalen an et ass esou, datt mir en Zuchbetrib féieren. Mir hunn eng ganz Rei Projeten an et ass ëmmer am Sënn vum Client an awer och vun den Administratiounen, den Autoritéiten an de Reglementatiounen, wou mer dat cas par cas zesumme maachen."

Ee Beispill, wou d'Zesummenaarbecht tëschent Sites et monuments an den CFL gutt funktionéiert, ass d'Gare zu Miersch.

De Patrick Sanavia: "Déi ass elo quasi klasséiert. Do si mer dobäi, mer begleeden d'CFL an do hu mer gutt Kompromësser fonnt, fir datt dat Gebai natierlech stoe bleift, awer och sech senger Funktioun als Gare déi funktionéiert kann upassen."

Ob et där Kompromësser nach méi gëtt, fir aner Objeten ze erhalen, dat bleift ofzewaarden.