No engem schlëmmen Accident am Januar gouf vill iwwert d’Sécherheet vun de Camionen op eise Stroossen diskutéiert.

Och wann déi genee Ëmstänn nach onbekannt sinn, waren sech Experte relativ séier eens: mat engem Noutbremsassistent wär dësen Accident manner schlëmm ausgefall.

Am Centre de Formation fir Beruffschaufferen zu Suessem loosse mir eis esou en Noutbrems-System demonstréieren a ginn der Fro no, firwat vill Beruffschauffere skeptesch sinn, wann d’Elektronik hinnen ze vill an d’Steierrad oder d’Pedalle gräift. A mir si bei enger Kontroll vun der Lëtzebuerger Douane an der SNCT dobäi, wou futtis Camionen am Zweiwel direkt aus dem Verkéier gezu ginn.

Mir hunn awer och de Marco Schiltz begleet. Dat ass quasi ee vun de leschte Lëtzebuerger Camionschaufferen, déi nach international ënnerwee sinn. Hie gëtt eis Abléck a säin Alldag an explizéiert, wéi och mir Automobilisten zu méi Camions-Sécherheet bäidroe kënnen.