Et gehéiert zu deem wichtegsten Equipement op engem Vëlo, d'Beliichtung.

Wie sécher duerch de Verkéier kommen wëll an och vun den Automobiliste gesi wëll ginn, huet dem Code de la Route no Luuchten op sengem Vëlo ze hunn.

Wat dierf een, wat net a wat gëtt et mëttlerweil alles un High-Tech-Gadgeten, déi zur Sécherheet bäidroen?

Den Ament boomt et um Marché, wat LEDen ugeet. Eng Revolutioun, déi net nëmmen ons Beliichtung doheem rentabel gemaach huet, mä och wat d'Vëlosbeliichtung ugeet, do koumen déi eng oder aner Neiegkeeten dobäi.

Dem Code de la Route no ginn et Virschrëften, wat een onbedéngt op sengem Vëlo muss hunn, ma ass de Vëlosfuerer iwwerhaapt am Detail driwwer informéiert, wat d'Gesetz virschreift? Wat brauch een, fir legal a sécher ënnerwee ze sinn? Eng Luucht vir, eng Luucht hannen a Reflekteren an de Speechelen.

Den elektronesche Winker ass nom Gesetz hier net obligatoresch, et soll een säin Aarm benotzen, an awer kéint dem Cyclist seng Sécherheet mat der LED-High-Tech an d'Luucht goen. Elo scho kritt een Helmer mat integréierte Winkeren.

De gudden alen Dynamo ass esou gutt wéi ausgestuerwen, ëmmer méi verschwënnt dëse mechaneschen Apparat vum Marché, huet awer dofir den optimalen Nofollger fonnt: d'LED-Luucht.

Fir awer bei allem net den Iwwerbléck ze verléieren, kontrolléiert d'Vëlosinitiativ zesumme mat der Police reegelméisseg just d'Vëlosfuerer am Verkéier, an dëst präventiv.

Mir ware wärend eisem Tournage erstaunt, wéi gutt d'Cyclisten opgekläert waren an och wéi wichteg et hinne war, dass se net ouni Luuchte fueren.

Wien also sécher duerch de Verkéier komme wëll, muss am Endeffekt ëmmer virsiichteg sinn an och bleiwen, a virun allem kengem, wann ee mengt, et gouf ee gesinn, Vertrauen hunn.