Virun allem an den Owesstonne staut et um ieweschten Deel vun der A7 tëscht Colmer-Bierg an Ettelbréck.

DZanter 2015 ass de Joerhonnertprojet Nordstrooss ofgeschloss. Zanterhier awer kënnt et ëmmer erëm zu Stauen a Richtung Norde kuerz virun Ettelbréck – Dat well den Iwwergang vun 2 op déi eng Spuer vun der B7 de Verkéier drosselt. E Stau, dee zeréck bis op Colmer-Bierg geet an do eng nei Gefor fir en Accident provozéiert. Do soll elo nogebessert ginn.

Virun allem an den Owesstonnen, wann d'Leit vun der Aarbecht heemfueren an d'Camionnette an d'Camionen ënnerwee sinn, staut et um ieweschten Deel vun der A7 tëscht Colmer-Bierg an Ettelbréck. De Problem ass zanter längerem bekannt: Konkret geet et em eng Kéier an eng Mauer.

Den André Bauler, DP Nord-Deputéierten:

De Stau produzéiert sech bis laanscht déi Mauer. A wann een aus der Stad erfort kënnt, da riskéiert een eventuell en Accident, andeems een engem hannendrop fiert. Op der Héicht vun der Mauer ass d'Visibilitéit ageschränkt, et ass eng laang Kéier. An d'Mauer verstoppt och déi Autoen, déi no bei der Mauer stinn.“

Den Ament gëtt et ee Panneau op der A7, dee warnt, wann et zu engem Stau kënnt. Ma do wier et schonn ze spéit, reklaméiere vill Automobilisten. Schonn um Rouscht, do wou d'Streck nach zimmlech riicht ass, misst nach eng zousätzlech Signalisatioun ubruecht ginn. Virun allem fir Leit, déi d'Streck net esou gutt kennen.

Wat een awer muss fäerten ass, datt Camionen, déi eng gewësse Vitesse hunn, mee och Autoen a Camionnetten, déi aus dem Ausland kommen, kéinten oprennen. Deen Ament wier mat engem groussen Accident ze rechnen.“

Et géif een hoffen, eng Solutioun bis d'Fréijoer ze fannen. Am Transportministère ass een op d'mannst emol optimistesch.

De François Bausch, Transportminister:

Do ass d'Ponts et Chaussées am Gaang drun ze schaffen. Do hu mer elo nach net déi lescht Konklusioune virleien, ma d'Resultater wäerten elo och ganz rapid kommen. D'nächst Woch gëtt och Transformatioun vun der B7 presentéiert a geet duerch de Regierungsrot. An da fanne mer schonn an den nächste Wochen do eng Solutioun.“

De Stau gëtt virun allem duerch déi 1-spuereg B7 um Enn vun der Autobunn provozéiert. E Knuet, deen deemnächst soll verschwannen.