Den Zentrum fir Urban Gerechtegkeet huet virun der Commission d’accès aux documents Recht kritt.

D’Stad Lëtzebuerg hat refuséiert dem Zentrum Dokumenter ze weisen, déi dësen am Kader vun enger Etüd iwwer d’Sécherheet vun de Stater Zebrasträife gemaach hat. Elo steet awer fest: d’Stad Lëtzebuerg muss dës Dokumenter zur Verfügung stellen.

Tweet ZUG

Den Zentrum fir Urban Gerechtegkeet hat festgestallt, dass vun allen Zebrasträifen an der Stad ronn een Drëttel net sécher wier, well d’Parkplazen ze no dru sinn. Wéi den Zentrum a sengem Communiqué zu där Decisioun schreift, hätt d’Stad och den Dialog konsequent refuséiert. Elo waart ee beim Zentrum op d'Publikatioun vun den Dokumenter, déi si schonn am Dezember lescht Joer ugefrot haten.

De ganze Communiqué vum Zentrum fir Urban Gerechtegkeet kënnt Dir hei noliesen.