D'Linnen 10, 30, 50, 60 a 70 sinn deels wéinst Chantieren an den nächste Méint net operabel.

Op der Linn 10 ginn et haaptsächlech Aarbechten op an ëm d'Gare zu Ettelbréck, ma deels ass och d'Streck tëscht der Stad an Ëlwen, respektiv Ettelbréck an Dikrech betraff.

Tëscht Éiter an Tréier gëtt op der Linn 30 geschafft an tëscht Klengbetten an Arel op der Linn 50.

Op der Linn 60 ginn et dann eng Kéier Problemer tëscht Esch a Rodange, ma och tëscht Näerzeng a Rëmeleng. En anere Chantier op der selwechter Linn ass tëscht der Stad a Beetebuerg.

Schlussendlech gëtt am Summer och op der Gare zu  Suessem geschafft, dowéinst kann et zu Problemer tëscht der Stad an Athus op der Linn 70 kommen.

All d'Detailer zu de Chantiere fannt dir am Schreiwes vun den CFL.