Frankräich
Tankrabatt gëtt vun 18 op 30 Cent erhéicht

Wärenddeem s den Tankrabatt zu Lëtzebuerg an an Däitschland den 31. August op en Enn ginn, gëtt e bei eise franséische Noperen erhéicht.
Zanter dem 1. Abrëll gëtt et a Frankräich en Tankrabatt vun 18 Cent. Dee soll den 1. September lo op 30 Cent erhéicht ginn a soll bis den 30. Oktober undaueren.
An Däitschland ass en Tankrabatt vun 30 Cent den 1. Juni agefouert ginn an dee gëtt och elo net méi verlängert.
Bei eise belsche Noperen gëtt et en Tankrabatt vu 17,5 Cent zanter dem 19. Mäerz, dee gëtt awer nach bis den 31. Dezember bäibehalen.
Zu Lëtzebuerg ass den Tankrabatt den 13. Abrëll agefouert ginn an ass mat 7,5 Cent manner héich ausgefall, wéi bei eise Nopeschlänner.
Am meeschte gelies