Kee Bensinn oder Diesel méi op munche Pompelstatiounen

© AFP
Vum 1. September u gëtt et an Däitschland keen Tankrabatt méi. Dëst ass fir vill Leit Grond genuch, d'Pompelstatiounen ze stiermen.
Vill Leit wëllen an Däitschland nach vun de bëllege Präisser vum Brennes profitéieren. Dowéinst goufen an dëser Woch d'Pompelstatioune vun den Däitsche reieweis gestiermt. Mä net nëmmen déi däitsch Populatioun huet nach vum Tankrabatt profitéiert. Och Awunner aus de sëllege Grenzregioune sinn nach eng Kéier an Däitschland tanke gefuer.
Nieft Frankfurt a München ass de Sprit virun allem am hollännesche Grenzraum rar geseet. Vill Pompelstatiounen ëm an a Köln hunn dowéinst kee Bensinn an Diesel méi an hu missen hir Dieren zoumaachen.
De Stephan Zieger vum Bundesverband vun de fräie Pompelstatioune seet iwwerdeems, datt op ville Plazen de bëllegen E10-Bensinn ausverkaaft wier, mä datt d'Leit am meeschten den Diesel tanke géifen. Iwwerdeems géif den Ament och net vill Brennes nogeliwwert ginn, wëll dësen opgrond vum Niddregwaasser am Rhäin laang bréicht, fir un déi jeeweileg Pompelstatioune geliwwert ze ginn.