Dat schreift d'Sécurité Routière am Kader vun der Schoulrentrée, déi en Donneschdeg ass.

D'Sécurité Routière appelléiert un d'Automobilisten, mat Virsiicht z'iwwerhuelen, besonnesch an der Ëmgéigend vun enger Schoul. Ausserdeem soll een d'Vitess reduzéieren an op d'Kanner oppassen. Et soll ee besonnesch bei engem Zeebrasträifen, dee bei enger Schoul a bei engem Busarrêt ass, gutt oppassen.

Et gëtt dann och nach drun erënnert, dass e Kand ënner 1,50 Meter och bei kuerzen Trajeten an engem Kannersëtz muss sëtzen. Déi aner Kanner mussen de klassesche Sécherheetsgurt un hunn. D'Kand soll ausserdeem ëmmer beim Trottoir erausklammen an net op der Säit vun der Strooss.

Donieft gëtt nach dorop opmierksam gemaach, datt ee sech ni op der Strooss oder um Zeebrasträife soll parken. Et soll een ëmmer eng richteg Parkplaz benotzen.