Zanterdeem déi slowenesch Haaptstad 15 Hektar vun hirem Zentrum zur Foussgängerzon erkläert huet, ass de Gebrauch vum Auto an der Stad ëm 30 % erofgaangen.

Am Januar goufen am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg eng nei Strooss an zwee nei Tronçonen zur Foussgängerzon erkläert. Eng Mesure, déi virun allem bei de Geschäftsleit net just op Zoustëmmung trëfft.

Ljubliana ass e Stéck méi wäit gaangen. 2007 hat d'Stad decidéiert, 15 Hektar vun hirem historesche Stadkär fir den Autosverkéier ze spären. Vill Awunner a Geschäftsleit hu sech deemools besuergt, zréckhalend oder souguer ofleenend gewisen. Ma déi positiv Effekter vun der grousser Foussgängerzon hu vill Leit bekéiert. Sou hu sech zum Beispill d’Weeër, déi zu Fouss zréckgeluecht goufen, an de leschten 10 Joer verduebelt an och d’Ëmsätz vu ville Restaurante sinn an d'Luucht gaangen. 2017 huet eng Ëmfro ënnert den Awunner erginn, dass iwwer 90 % vun den Awunner keng Autoe méi am Stadzentrum wëllen.

D'Gemeng vu Ljubliana ass der Meenung, dass hire Modell vun der ëmweltfrëndlecher Mobilitéit och op aner Stied iwwerdrobar ass. Eis Stad huet eng ganz Rei Parallelle mat der slowenescher Haaptstad, ma bis elo wieren awer keng weider Foussgängerzonen am Stadzentrum geplangt, erkläert de Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt.