
© Domingos Oliveira
Et dauert op d'mannst 7 Wochen, bis de Fiels op der Héicht vu Bierden stabiliséiert gëtt, an och beim Tunnel Schieburg gëtt et e Retard vu 6 Woche minimum.
Schlecht Nouvellen fir de Norden vum Land: tëschent Ettelbréck a Klierf wäerten an den nächste Woche keng Zich fueren. Et dauert op d’mannst siwe Wochen, bis de Fiels op der Héicht vu Bierden stabiliséiert gëtt, wou jo een Dënschdeg den Trafic ënnerbrach gouf an och beim Tunnel Schieburg gëtt et e Retard vun op d’mannst 6 Wochen.
Et gëtt keen Lien tëscht der Situatioun am Tunnel bei Bierden an dem Tunnel Schieburg. Dat huet den CFL-Generaldirekter Marc Wengler direkt am Ufank vun der Pressekonferenz de Moien kloergestallt.
"Dat Eenzegt wou iergendeen gemeinsamen Nenner ass, dat sinn d'Intemperien, d'Wiederlag, déi an deenen zwee Fäll eppes favoriséiert hunn. An wei d'leschte Kéier erkläert mam Tunnel, déi laang Dréchent an hei och d'Alternance tëscht der laanger Dréchent an dem intensiven Reen, dass da verschidde Riske méi grouss ginn."

© Didier Weber / RTL
De Marc Wengler huet vun engem eemolege Virfall geschwat. Et wier déi éischte Kéier zanter Joerzéngten, datt d’CFL mat sou Sécherheetsrisike konfrontéiert sinn. Zu Bierden wier leschte Summer schonn eng sougenannte Chambre d‘éboulis frëschgemaach ginn an do hätt ee festgestallt, dass am Fiels e méi grousse Problem wier. Déi lescht Woch hätt sech dunn e Stéck vun der Fielswand geléist.
"An dat huet elo matsechbruecht, dass mer den Zuchtrafic mussen ënnerbriechen. Mir wëssen haut, dass d'Experten do eng Analys gemaach hunn a mir kënnen haut net ausschléissen, dass keen Rescht-Risiko do ass, dass nach aner Stécker vun der Fielswand, déi eventuell souguer nach méi grouss sinn, wéi dat wat d'lescht Woch gerutscht ass, sech kéinten lassléisen."

© Christophe Hochard
Och beim Tunnel Schieburg tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz, dee jo zanter leschtem Enn August zou ass, wieren et eng Rei Imprevuen ginn.
"Dat Eent ass och d'Intemperien. De ville Reen huet et net einfach gemaach, fir d'Ekippe fir hir Aarbechten do ze maachen. An dat Zweet ass awer och, et gesäit een dem Bierg do net an de Bauch eran. Mir haten jo erkläert, dass do eng Cavitéit war an et geet drëms, déi Cavitéit bannendran ze stabiliséiere mat Bëtong, deen do agesprëtzt gëtt. Dofir gi souvill Buerunge gemaach. Et ware 10 Buerunge virgesinn, elo si mer bei 72 Buerungen."
Den Datum vum 17. Abrëll kann also net kann agehalen ginn. Et misst een op d'mannst 6 Wochen drop rechnen. E geneeën Timing géing bis Enn d‘nächst Woch annoncéiert ginn, sou de Generaldirekter vun den CFL, Marc Wengler.
