Am éischten Trimester
Nei-Zouloossunge vu rengen Elektrogefierer am Joresverglach ëm 55% eropgaangen

© AFP
Domat maachen dës elo e Fënneftel vun allen neien Immatrikulatiounen am Grand-Duché aus.
Déi sougenannt Hybride sinn zënter 2020 stabel, respektiv d'Part de marché ass liicht zeréckgaangen. De Statec gëtt ze bedenken, datt d'Primme fir dës Gefierer Enn 2021 ausgelaf sinn.
Allgemeng wier een am Automobilsecteur nees méi positiv gestëmmt. No der Penurie vun de Mikrochippe wieren d'Immatrikulatiounen am éischten Trimester nees ëm e Fënneftel eropgaangen.
Am meeschte gelies