
Wéi d'Gemeng Géisdref an de soziale Medie matdeelt, ass et vun elo u verbueden, fir mat "elektreschen Trottinetten, Quatten, an anere motoriséierte Gefierer (MVE) an de Schoulhäff, Spillplazen oder änlechen ëffentleche Plazen ze fueren".
Dës Decisioun kënnt awer net einfach esou aus dem Näischt, wéi eis de Buergermeeschter Jean-Paul Mathay op Nofro confirméiert. Et ass rezent ëmmer nees virkomm, datt Jonker mat elektreschen Trottinette an heiansdo esouguer mat engem Quad duerch de Schoulhaff oder iwwer d'Spillplaze gebriedert sinn. Si waren net lues ënnerwee an et hat een d'Impressioun, datt dës Gefierer all "opgemotzt" sinn, also méi séier ginn, wéi et u sech erlaabt ass.
An doduerch koum et och ëmmer nees zu geféierlech Situatiounen. E Beispill erausgegraff: D'Kanner aus der Maison relais waren am Haff ënnerwee, wärend verschidde Leit mat hiren elektresche Gefierer séier duerch de Schoulhaff gefuer sinn. An dat vill ze séier. Zum Gléck koum et zu kengem Virfall.
D'Responsabel an der Gemeng Géisdref wollten deem net méi nokucken an nach méi fir d'Sécherheet vun de Kanner suergen. Dofir gouf dann d'Decisioun geholl, datt ee motoriséiert Gefierer, sougenannt Micro Electric Vehicles, awer och méi grouss motoriséiert Gefierer wéi e Quad net méi op dëse Plazen dierft fueren. Et ass "eng wichteg Moossnam, fir Accidenter ze vermeiden an d'Sécherheet ze stäerken", heescht et nach an der Publikatioun an de soziale Medien.