Automag - Concept Carsmart #2

Christian Schmit
Nodeems den 1, 3 a 5 schonn um Marché sinn, krute mer elo en exklusive Preview op de laang-erwaarten #2.

Mam "Reduce to the max"-Slogan huet d’Mark smart 1997 hiren Debut gefeiert, a säi City Coupé lancéiert. Elo bal 30 Joer duerno, an nodeems an tëscht d’smart-Gamme gewuess ass, annoncéiert sech elo nees e smart Fortwo. De Christian Schmit war bei der Presentatioun vum Concept Car zu Roum dobäi, an hat de CEO Europe Wolfgang Ufer am Interview.

Jo a Roum gouf net vun ongeféier ausgewielt, well hei wimmelt et nëmmen esou vu smart-Modeller aus alle Generatiounen vu 1998 bis 2024. Hei huet een enorm Verkafserfolleger gefeiert.

Wat awer och opfält, dass di nei Modeller #1, #3, an #5 sech rar maachen zu Roum, dofir dann elo mol zeréck zu de Wuerzele mam #2. D'Weltpremière ass am Oktober um Mondial de l’Auto, mee a wéi eng Richtung et geet, ass um Concept Car schonn däitlech ze erkennen. De Wolfgang Ufer, den neie CEO fir smart Europe, kennt de Grand-Duché ganz gutt, well huet 5 Joer hei fir d’Mark geschafft. smart #2 ganz deen alen, an awer komplett nei.

© Christian Schmit

"Es ist das ultimative Stadtauto, und wenn wir jetzt mit dem Neuen kommen, dann war uns wichtig, dass wir in keiner Disziplin schlechter werden. Das bedeutet das Auto muss super kompakt sein und idealerweise wieder quer parken können. Wir wollen auf der Strasse wenden können mit dem kleinsten Wendekreis den es gibt. Und was uns ganz wichtig ist, so ein kleines Fahrzeug muss doch super sicher sein."

Och Batterie-technesch gëtt kräfteg zougeluecht. Eng 35 kw/h ginn annoncéiert, a sollen di bescheiden Autonomie vum alen E-smart fortwo quasi verduebelen. Un de Schnellader dierf de smart dann an Zukunft och.

© Christian Schmit

Et bleift bei 2m70 Längt, an a punkto Sécherheet ass den #2 och up to date. E wärt gläich als Smart ze erkenne sinn, mat ville Features aus der Welt vun der Moud hätt e sech inspiréiert. A nawell kee Revival Modell?

"Ja im Sinne von wir verbessern alles was wir schon mal gemacht haben und gehen in die Zukunft. Wir haben mittlerweile Zugriff auf Technologien, das kann man nicht vergleichen mit den früheren Fahrzeugen. Denn jetzt haben wir auch High Tec in den Fahrzeugen auf einer eigenen Plattform die wir entwickelt haben."

An dee chicen Lifestyle 2-Sëtzer wäert präislech och net ofhiewen?

"Na ja wir fangen hier schon an relativ kompetitiv wie wir sagen. Werden natürlich verschiedene Zielgruppen haben. Einerseits, dass wir sagen junge Menschen die sich das Auto als Erstfahrzeug leisten, aber auch die Line Concept Modelle die dann im Premium Segment angesiedelt sind, und haben da viele Ideen im Kopf. Und der Einstiegspreis wird sehr attraktiv sein."

© Christian Schmit

Zënter dem Restart vu smart krut de Wolfgang Ufer ëmmer nees d'Fro gestallt, ob den #2 géif kommen? Bon déi Fro ass elo beäntwert, an elo wär jo dann tëscht 3 a 5 nach Plaz fir en #4?

"Ja es ist so wir haben jetzt mit der Plattform Möglichkeiten, da kann man auch grössere Autos anbieten. Da sind wir grad noch dran uns Gedanken zu machen, ich will nur sagen, wir haben den #2 in 24 Monaten entwickelt. Da kann man sich vorstellen mit welcher Geschwindikeit wir unterwegs sind."

Also e smart forfour gouf et jo schonn emol. Oder vläicht och nees e Smart Cabriolet, spréch di Landaulet Versioun?

"Wäre eine gute Idee oder? Da sind wir motiviert, aber ich darf es noch nicht verraten."

Weltpremière am Hierscht, et dierf ee gespaant sinn.

© Christian Schmit

smart um Internet

Back to Top
CIM LOGO