Fierschter confirméiertZu Esch hannert de Gemengenatelieren huet "Trockenrasen" gebrannt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg ass zu Esch an der Rue Barbourg e Feier ausgebrach.

RTL krut e Sonndeg de Mëtteg e Feier zu Esch an der Rue Barbourg hannert de Gemengenateliere gemellt. Wéi de Fierschter Paul Zimmermann RTL confirméiert, huet ronn 1 Hektar "Trockenrasen" gebrannt. D'Feier wier awer antëscht aus.

Am Laf vum Sonndegnomëtteg huet och de CGDIS de Brand zu Esch confirméiert a preziséiert, datt si géint 13:31 Auer alarméiert gi waren. Um Asaz waren nieft de Pompjeeë vun Esch, Käerjeng, Monnerech, Schëffleng, Diddeleng, dem Zenter Sadiff och de Groupe d'appui technologique opérationnel (Gato) an d'Ambulanciere vun Esch.

Zu Esch huet e Sonndeg "Trockenrasen" gebrannt
An der Rue Barbourg gouf et e Brand hannert de Gemengenatelieren.

Donieft wieren d'Rettungsekippe vum CGDIS nach op zwee weider Bränn geruff ginn.

Zu Fenteng an der Beetebuerger Strooss hat e Gasgrill kuerz viru 14 Auer gebrannt. Hei waren et d'Pompjeeë vun Hesper an d'Ambulancieren aus der Stad, déi op der Plaz waren.

Um CR356 tëscht Brouderbuer a Folkendeng gouf et dann nach e Vegetatiounsbrand géint 14:51 Auer. Um Asaz waren d'Pompjeeën aus dem Ärenzdall, vu Bettenduerf a vu Reisduerf.

Bei kengem vun de Bränn ass eng Persoun zu Schued komm.

Back to Top
CIM LOGO