Wéi d'CFL mellen, falen d'Zich tëscht Esch-Uelzecht an Audun-le-Tiche vun e Méindeg bis e Freideg "aus organisatoresche Grënn" a béid Richtungen aus.

Fir vun Däitsch-Oth op Esch ze kommen oder ëmgedréint, kënnen d'Passagéier op d'Linne-Busser 602 a 603 zréckgräifen. D'Busser fuere vun der Stad aus iwwer Esch op Audun-le-Tiche.

D'CFL maachen hei awer dorop opmierksam, datt een e valabelen Regiozon-Ticket fir den Trajet tëscht Audun-le-Tiche a Lëtzebuerg braucht.

Ma obwuel dës Ënnerbriechung nëmmen temporär ass, kréien d'Passagéier esou e klenge Virgeschmaach op dat, wat wuel geschwënn op si duerkënnt. De Mobilitéitsministère hat nämlech ugekënnegt, den Zuch op där Streck duerch e Bus ersetzen ze wëllen.

Weider Informatiounen an d'Auerzäite vun de Busser fannt Dir um Site vun den CFL.