Gréissere Chantier am ZuchverkéierGrenzbréck zu Waasserbëlleg nach bis den 20. September gespaart

Eve Bernardo
Christophe Hochard
Zanter zwou Wochen ass d’Grenzbréck zu Waasserbëlleg, iwwert déi den Zuch tëscht Däitschland a Lëtzebuerg fiert, zou a bleift viraussiichtlech nach bis den 20. September gespaart. Duerno fiert den Zuch zwar erëm driwwer, mee d’Aarbechten un der Bréck sinn nach net fäerdeg.

1861 ass d’Bréck eng éischte Kéier opgaangen an huet no hirer Zerstéierung am Zweete Weltkrich nei missten opgeriicht ginn. Déi lescht gréisser Aarbechten un der Bréck waren 1995. Et wier also elo un der Zäit gewiescht, gréisser Renovatiounsaarbechten ze maachen, wéi de Meik Cartus, Bauingenieur a Responsabele vum Projet erkläert:

"Mir hate virun allem Probleemer mat der Ofdichtung. Mir hu bei eise periodesche Kontrolle festgestallt, dass Waasser an den Ouvrage andréngt, an dat ass iwwer déi Dauer natierlech fir den Ouvrage net gutt. An dofir ass eisen Haaptzweck vum Projet d'Ofdichtung ze erneieren an och d'Entwässerungsariichtungen matzemaachen."

Grenzbréck zu Waasserbëlleg gespaart / Rep. Eve Bernardo

D’Aarbechten un der Grenzbréck sinn als Projet vum gemeinschaftlechen Hoheitsgebitt ze verstoen. Bei der Organisatioun war deemno eng aktiv Koordinatioun mat Däitschland néideg. D'CFL schaffen deemno enk mat der Deutschen Bahn zesummen. Wéi dës Zesummenaarbecht ausgesäit, erzielt Donjeta Mulaj vun der DB Koblenz:

"Da kamen die einen oder anderen Herausforderungen auf uns zu, genauso DB-seitig als auch CFL-seitig. Es sind nämlich vor allem auch die Richtlinien, also die Regelwerke die natürlich hier in den Ländern unterschiedlich sind, die uns dann vor das ein oder andere Problem quasi gestellt haben. Aber nichtsdestotrotz, haben wir versucht da gemeinsam eine Lösung zu finden und auch auf beide Regelwerke und Richtlinien da einzugehen."

Grenzbréck zu Waasserbëlleg nach bis den 20. September gespaart
Zanter zwou Wochen ass d’Grenzbréck zu Waasserbëlleg, iwwert déi den Zuch tëscht Däitschland a Lëtzebuerg fiert, zou.

Ee weidere Challenge fir dëse Projet ass d’Sauer, déi ënnert der Bréck an d’Musel leeft. Eng kënschtlech Plattform ass an der Sauer opgeschott ginn, fir datt d’Aarbechten och ënnert der Bréck kenne gemaach ginn. Ma och wann d’Zich bis erëm iwwer d'Bréck fueren, wäert d’Plattform weider genotzt ginn, esou de Meik Cartus.

"Mir hunn eis am Moment natierlech fokusséiert op déi Aarbechten, déi am Geforeberäich vun der Eisebunn sinn. Mir wäerten awer déi Plattform, wéi gesot, sou laang wéi méiglech am Waasser halen. A wäerten och ënnert der Bréck nach schätzungsweis bis Enn Oktober weider schaffen."

2028 si weider Aarbechten un der Grenzbréck virgesinn. Bei deene soll dann ee Wee fir d’Maintenance bäigebaut ginn. Domat kennen an de nächste Joer dann och klenger Aarbechte virgeholl ginn, ouni datt de Schinneverkéier gestéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO