Bis Ufank November ginn déi eenzel Tunnellen op de Lëtzebuerger Autobunne gebotzt an déi technesch Ekipementer kontrolléiert. Aarbechten, déi zweemol am Joer am Optrag vun de Ponts et Chaussées duerchgefouert ginn. Am Fréijoer an am Hierscht.
Um Méindegowend gouf am Tüb vum Gousseler Tunnel Richtung Norden geschafft. Eng Dosen Entreprisë waren am Asaz. Alles gëtt ënnert d'Lupp geholl. Et geet em näischt Geréngeres ewéi d'Sécherheet vun den Automobilisten. Vu Stëbs wech suckele bis Luuchten a Sécherheetsinstallatioune kontrolléieren.