Privat Operateure sollen de Reseau un Elektroborne weider ausbauen

Lëtzebuerg huet aktuell ronn 2.000 Bornen, déi accessibel si fir all d'Elektroautoen.
E Samschdeg fänkt di 60. Editioun vum Autosfestival un. 2023 goufe jo, iwwert d'ganzt Joer gekuckt, eng éischte Kéier méi Elektroautoe wéi Diesel-Gefierer verkaaft. Fir deem Trend Rechnung ze droen, gëtt de Reseau vun den Elektroborne weider ausgebaut.
Lëtzebuerg huet aktuell ronn 2.000 Bornen déi accessibel si fir all d'Elektroautoen. D'Chargy Bornen si souzesoen d'Réckrad vum Borne-Reseau am Land. Vun den 800 Chargy-Statioun déi ugangs geplangt waren, sinn der ewell 772 a Betrib.
Elo ass et un de privaten Acteure fir de Reseau weider auszebauen. Privat Operateure wéi zum Beispill grouss Energie-Entreprisen, Auto-Constructeuren oder och aner Firme wiere ganz interesséiert dru Bornen op ëffentlechen a privaten Terrainen z'installéieren.
2024 wäert d'Infrastruktur weider wuessen. Virop wat d'Boren ugeet fir ganz séier ze luede géing et eng jett Projete ginn.
Nieft dem ëffentleche Reseau, hu jo och vill Privat Stéit eng Borne doheem. D'Zuel vun den Demandë fir e Subsiden ze kréien ass zënter 2021 ëmmer weider an d'Luucht gaang. 2023 hunn 2314 Menagen eng Ufro, dat sinn 1,9 Milliounen Euro u Subsiden. Jee no Borne a Gebai belafen sech d'Bäihëllefen op 450 bis 1650 Euro.

D'Primme fir Elektroween lafe weider bis Enn des Joers. Allerdéngs muss den Auto virum 31. Mäerz bestallt ginn. Ob
d'Primmen nach weider verlängert ginn huet d'Regierung nach net decidéiert. Zejoert hu 5624 Proprietäre vun engem Elektroautoen eng Demande fir eng Prime gestallt. De Staat huet hei 30,6 Milliounen Euro u Subsiden ausbezuelt.
Detailer an d'Formulairë fir eng Demande fënnt een op myguichet.lu