
D'CFL deele mat, datt déi zweet Phas vun de Summer-Chantieren usteet. Geplangt si weider Maintenance- a Moderniséierungsaarbechten. Betraff sinn d'Strecke Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier, Lëtzebuerg-Ettelbréck-Ëlwen-Gouvy, Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz a Lëtzebuerg-Esch/Uelzecht-Rodange.
Op de betraffene Strecken zirkuléieren an där Zäit Bus-Navetten.
Weider Detailer iwwer d'Auswierkunge vun den Aarbechte gëtt et op cfl.lu an op den Appen.