Zanter Jore gëtt zu Esch um Boulevard G-D Charlotte geschafft. Bis Mëtt September wäerte nach weider kleng Aarbechten op d'Plaz duerkommen.

D'Gemeng Esch huet dës Phasen elo an engem Schreiwes matgedeelt. Esou geet de 25. Juli déi südlech Partie vun der Kräizung tëscht dem Boulevard Charlotte an der Avenue de la Paix op, well den Dag dono start de Kollektivcongé, dee bis den 19. August dauert.

Vun deem Dag un a bis den 2. September gëtt dann den nërdlechen Deel vun där Kräizung fäerdeg gemaach, fir datt deen Deel dann nees opgoe kann. Gläichzäiteg kënnt et zu enger Spärung vun der Monnerecherstrooss, déi awer bis dohinner wäert opbleiwen, fir de Quartier Lalleng unzebannen.

An der Woch vum 9. September gëtt dann den Tapis geluecht.