Extensioun vum Tram Richtung StroossenMobilitéitsministesch reagéiert: "Dass d’Geschäfter op der Areler Strooss zoumaachen, huet näischt mam Tram ze dinn!"

Monique Kater
Mat dësem Ausbau vum Tramsreseau wëll ee sech a puncto Mobilitéit besser opstellen.
Suivi: Extensioun vum Tram Richtung Stroossen
Mobilitéitsministesch reagéiert: "Dass d’Geschäfter op der Areler Strooss zoumaachen, huet näischt mam Tram ze dinn!"

D'Chamber huet déi lescht Woch unanime "Jo" zur Extensioun vum Tram vun der Stäreplaz erop bei de Centre Hospitalier decidéiert. E weideren Arrêt kënnt op d'Areal, wou de Batiself war, a wou niewendrun nach Geschäfter sinn, déi op d'Enn vun dësem Joer gekënnegt kruten.

Et ass definitiv net dem Tram seng Schold, wann d'Geschäfter hei zoumaachen, iergert sech d'Yuriko Backes. Dat hat schonn esou geklongen, wéi de Roller seng Fermeture fir ganz Lëtzebuerg annoncéiert hat. Do war d'Gesetz nach net gestëmmt, elo ass et duerch d'Chamber.

"Mir hu grouss Mobilitéitsbesoinen hei am Land, mir maachen dat, well mer gutt mussen opgestallt sinn," sou d'Ministesch, déi erkläert, dass an enger nächster Phas eng Busgare kënnt an e Park & Ride zu Märel.

D'Gemenge Stroossen a Lëtzebuerg si concernéiert. Et géing geschwat, d'Proprietäre mat de Gemeng. Et lafen och Etuden. D'Ponts et Chaussees wäerten an enger nächster Phas de Park and Ride Märel bauen. E belsche Fong, d'Boomerang sarl, ass Besëtzer vun där ganz grousser Parzell vu bal 4 Hektar. Keeft de Staat den Terrain, deen den Tram brauch?

D'Gespréicher géingen nach lafen, seet d’Yuriko Backes, wéi en Typ Accord ee géif agoen, wier nach net gewosst. Et wier also nach net kloer, ob zum Beispill Logement op déi ganz grouss Plaz kéim.

Tram bis op Stroossen / Reportage Monique Kater


Am RTL Interview huet de Finanzminister ënner anerem och op den Ausbau vum Tram an e méiglecht Kafe vun dësem Terrain reagéiert.

Back to Top
CIM LOGO