"Jo" soen eng Partie Cyclisten, déi um Donneschdeg den Owend mat engem spezielle Vëlostour op eng schlecht Infrastruktur opmierksam wëlle maachen.

Dës sougenannt "Mahnfahrt" geet op eng privat Initiativ zeréck an ass d'Reaktioun op e schroen Accident bei der Neier Bréck, bei deem rezent e jonke Cyclist schwéier blesséiert gouf.

RTL

© Raphaelle Dickes / RTL

Eng gutt 50 Cyclisten a Vëlosfrënn waren um Donneschdeg den Owend bei der Gëlle Fra, fir op Geforen a Problemer vun der Vëlosinfrastruktur opmierksam ze maachen. Zënter Mäerz gouf et an der Avenue Marie-Thérèse zwee Accidenter mat schwéier blesséierte Cyclisten – eemol gouf et eng Kollisioun tëscht zwee Cyclisten an déi zweete Kéier sinn e Vëlosfuerer an e Camion aneneegerannt. Dat mécht ville Cycliste Suergen.
 
Wéi gesäit et aus mam politesche Wellen, eppes un der Infrastruktur ze verbesseren? De Chris Meisch huet bei ProVelo an der Stater Gemeng nogefrot.

Sécherheet um Vëlo: E Reportage vum Chris Meisch

D‘Kräizung tëscht der Avenue Marie-Thérèse an dem Boulevard Royal wier reegelkonform, sou de Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt an awer géing ee sech ëmmer erëm Gedanke maachen, wat een un der Vëlosinfrastruktur kéint verbesseren. De Mobilitéitsplang wier een Ufank, ma dat géing awer nach net duergoen.

"An dofir hu mir elo och zousätzlech eng Vëlosetüd an Optrag ginn, international Beroder, déi wierklech spezialiséiert sinn dorobber, déi eist ganzt Netz soll op de Leescht huelen, wéi et existéiert haut a wat mir kënne verbesseren an dat duerch déi ganz Stad wou mir mat, géif ech soe mat Resultater spéitstens d'nächst Joer am Fréijoer kommen an dann och punktuell Ëmsetzunge wäerte maachen."

RTL

© Didier Weber / RTL

Mat der „Pop-up lane“ hätt een ewell de Vëlosfuerer op ganzer Streck eng Spuer méi ginn. Et hätt een awer festgestallt, dass weder Vëlosfuerer nach d‘Automobilisten domat zefridde wieren, sou nach de Patrick Goldschmidt, dee generell bei der Infrastruktur Verbesserungspotential gesäit.

Dat gesäit d‘Monique Goldschmit, Presidentin vu ProVelo, och esou.

"A generell, mir hu schonn zanter 2018 revendiquéiert, dass hei eng sécher Afaart an d‘Stad gemaach gëtt, zum Beispill iwwer d‘Avenue Monterey. Ier den Tram do war, hu mir versprach krut, dass déi Strooss esou gemaach gëtt, dass ee sécher an d‘Stad ka rafueren an dat ass herno net méi gemaach ginn. Do huet et geheescht "Nee et geet net méi" an elo ginn alleguer d‘Vëlosfuerer déi an d‘Stad wëllen, ginn all hei hin drainéiert op eng ganz geféierlech Plaz."

Mat Bléck op d'Vitesse hätt eng Stad, déi méi lues gëtt, d'Potential, méi liewenswäert ze ginn, esou nach d‘Monique Goldschmit, déi sech fir e generellen Tempolimitt vun 30 km/h staark mécht.

RTL

© Didier Weber / RTL