Vun e Méindeg u leeft déi zweet Phas vun den Aarbechten un der Zuchstreck tëscht der Stad a Beetebuerg. Dës geet bis de 15. September.

Bis dohin fiert op deem Deel keen Zuch, ma et ginn Busser agesat. Eng 850 Trajete pro Dag ginn an béid Direktiounen assuréiert, schreiwen d’CFL.

Dat u sech via dräi Linnen: engersäits tëscht der Stater Gare, via Gaasperech op Beetebuerg, da vu der Gare via Bouneweg a Bierchem op Beetebuerg an der soi-disant normaler Linn tëscht der Stater Gare an där zu Esch.

Den Zuchtrafic tëscht Beetebuerg an Diddenuewen rullt iwwerdeems elo nees normal.

Wéinst der néier Hammerel Bréck war den Zuchtrafic tëscht Diddenuewen a Beetebuerg jo wärend engem Mount ënnerbrach. E Busersatz-Déngscht war en place gesat ginn. Zanter e Méindeg zirkuléiere souwuel CFL- ewéi TER-Zich nees tëscht Frankräich a Lëtzebuerg. Zu Beetebuerg ass awer Schluss. Do mussen d'Leit vum Zuch op de Bus ëmklammen. 
 
Eng 200 Buschauffer assuréiere mat hire Busser den Trajet tëscht Beetebuerg an der Lëtzebuerger Haaptstad. Dësen Déngscht gëtt bis de 15.September ugebueden. D'CFL profitéiere vun der Summervakanz fir un der Neibaustreck ze schaffen. Well ganz vill Busser fir dësen Ersatzdéngscht gebraucht ginn, muss och op Busser vum Schoultransport zréckgegraff ginn. Dëst ass ee Grond firwat vun der Schoulvakanz profitéiert gëtt, fir d'Aarbechten um CFL Reseau duerchzefeieren.
 
Ganz vill Leit haten um éischten Dag vun dësem Busersatzdéngscht profitéiert. Detailer ginn et op cfl.lu.