
Bis Mëtt September fueren da keng Zich tëscht der Stad a Beetebuerg an et zirkuléieren Ersatzbusser, wéi aus dem Schreiwes ervirgeet.
Déi éischt Phas vun den Aarbechte gëtt nächste Weekend ofgeschloss. Bis den 11. August ass d’Gare zu Beetebuerg jo komplett zou, wat jo scho fir déi eng oder aner Problemer gesuergt hat.
D’Beetebuerger Gare geet dono erëm op a vun do aus wäerten d’TGVen dann den Depart huelen.

CFL deele mat: Zwou grouss Chantiersperioden tëscht dem 13. Juli am 15. September
Nei Hammerel-Bréck op hirer Plaz: Nach dräi Joer bleift d’Zuchstreck Beetebuerg-Stad e Chantier
Beetebuerger Gare gespaart: Laang Waardeschlaangen a Roserei bei de Pendler zu Diddenuewen