US-Autoritéit fir Stroossesécherheet wäert Autopilot vun Tesla ënnersichen

© Shutterstock
Nodeems an den USA véier Autoe vun der Mark Tesla accidentéiert sinn, wéi se mam Autopilot ënnerwee waren, hunn d'US-Autoritéiten eng Enquête annoncéiert.
Wéi et vun der "National Highway Traffic Safety Administration", also der Administratioun fir d'Sécherheet vun den amerikaneschen Highwayen heescht, wier et an der Lescht an den USA zu véier Accidenter komm, un deenen en Auto vun der Mark Tesla, deen deen Ament am Autopilot-Modus ënnerwee war, bedeelegt war. Bei engem vun den Accidenter wier e Foussgänger ugestouss, an déidlech blesséiert ginn.
Zu den Accidenter wier et komm, ewéi déi betraffen Autoen op Plaze mat ageschränkter Siicht ënnerwee waren. D'Enquête soll deemno klären, ob den Autopilot-Programm vun Tesla Problemer huet, Situatiounen ze erkennen, an deenen e sech selwer misst ausschalten.