Wéi d'CFL matdeelen, wäert wärend der Allerhellegevakanz op enger Partie Zuchlinne geschafft ginn.

An engem Schreiwes heescht et dozou, dass fir den Zäitraum vun den Aarbechten, op de betraffene Strecken Ersatzbusser an den Asaz kommen.

Op folgende Linne wäert geschafft ginn:

  • Lëtzebuerg - Ettelbréck - Dikrech (Vum 26.10.2024 2:00 Auer bis den 3.11.2024 inclus)
  • Kautebaach - Wolz (Den 1.11.2024 vu 5:30 Auer bis 11:30 Auer)
  • Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel (Vum 26.10.2024 1:00 Auer bis den 3.11.2024 inclus)
  • Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange (Vum 26.10.2024 1:00 Auer bis den 1.11.2024 0:00 Auer)
  • Lëtzebuerg - Dippech-Reckéng - Rodange - Athus/Lonkech (Vum 1.11.2024 1:00 Auer bis den 13.11.2024 inclus)

Weider Informatioune fannt Dir um Site vun den CFL an an der CFL-App.