TICE
Gemengegewerkschaft FGFC besuergt iwwer aktuell Entwécklunge beim Bussyndikat

© Image Wikimedia / MMFE
Den Déifferdenger Buergermeeschter a Member vum TICE-Büro Guy Altmeisch hätt rezent an enger Gemengerotssëtzung vu groussen Ëmstrukturéierunge geschwat.
Am Raum steet, datt eng Rei TICE-Linne vun RGTR-Busser kéinten iwwerholl ginn, sou d'FGFC. Och déi eventuell Kreatioun vun engem Syndicat mixte mat engem Matsproocherecht fir de Staat kéint déi laangfristeg Opléisung vum Süd-Syndicat bedeiten. D'FGFC fäert an deem Kontext d'Grënnung vun engem Etablissement public nom Modell vu Luxtram.
Am meeschte gelies