Wann d'Bierger vu Leideleng sech am Referendum fir 30 km/h op den Haaptstroossen ausschwätzen, wäerten d'Mesuren an den nächsten 10 Joer ëmgesat ginn.

D'Leidelenger Bierger kréien ënnert anerem méi Liewensqualitéit versprach, manner Duerchgangstrafic a méi Sécherheet, wa se den 12. Oktober an engem Referendum dofir stëmmen, datt d'Vitess op den Haaptstroossen an der Gemeng vu 50 op 30 Kilometer an der Stonn erofgeet.

Dat soll net vun engem Dag op deen anere geschéien, mä iwwert en Zäitraum vu ronn 10 Joer. 
 
Wann d'Leit fir de Projet stëmmen, deen d'Gemeng proposéiert, gehéieren dozou och eng ganz Rei baulech Moossnamen, déi dofir solle suergen, datt och jidderee sech un déi erlaabte Vitess hält.
 
Zebrasträifen, déi méi héich sinn, Stroossen, déi erëm méi schmuel ginn, e Vëlosreseau duerch déi ganz Gemeng a sougenannte "Berliner Kissen", déi all Chauffer solle forcéieren, méi lues ze maachen.

D'Gemeng hat déi Leidelenger Bierger e Mëttwoch den Owend op eng Informatiounsversammlung invitéiert, wou se konnte Froe stellen an och nach eng Kéier erkläert kruten, datt all dës Moossname just bei engem jo ëmgesat ginn an datt d'Gemeng bei engem negative Resultat manner wäit geet. 
 
"Bei engem Nee, ginn och Mesuren ëmgesat ginn, mä dat wäerten awer net déi selwecht Mesure sinn, déi mer ëmsetze kënnen am Fall vun engem 'Jo'", präziséiert de Buergermeeschter Lou Linster. "Do wäerte mer net all zweeten Zebrasträifen erhiewen, mir wäerten net iwwerall d'Strooss op 6 Meter reduzéieren an d'Kräizungen erhiewen. Dat muss engem einfach bewosst sinn. En 'Nee' heescht net, datt automatesch déi selwecht Mesuren, just e bësse manner schlëmm, ëmgesat ginn. 'Nee' heescht, datt däitlech manner vun deem ëmgesat gëtt, wat mer Iech haut den Owend weisen."
 
Nodeems d'Leit d'Pläng gesinn haten, hate se ronn eng Stonn laang d'Méiglechkeet, fir Froen ze stellen a Remarken ze maachen. Et si virun allem d'Berliner Këssen, déi d'Leit stéieren. Net, well se dowéinst méi lues musse fueren, mä well se net optimal fir den Auto wieren a ganz schlecht fir landwirtschaftlech Maschinnen an de Réck.

Detailer ginn et am Reportage:

Nach just 30 zu Leideleng? / Reportage Dany Rasqué