Zejoert huet den RGTR-Busreseau op eelef privat Entreprisen uechter d'Land zeréckgegraff.

Op ronn 30 Prozent vun de Linne fuere Busser vu Voyages Emile Weber. Fir déi méi wéi 20 Millioune gefuere Kilometer am Joer 2024 huet Emile Weber vum Staat ronn 90 Milliounen Euro ausbezuelt kritt.

Zweetgréisste privaten Operateur am Busreseau ass d’Firma Sales-Lentz. Si huet zejoert ronn ee Véierel vun de Buslinnen uechter d’Land assuréiert. Dat si méi wéi 18 Millioune Kilometer, esou datt Sales-Lentz knapp 62 Milliounen Euro vum Staat zegutt hat.

Alles an allem investéiert de Staat 238 Milliounen Euro am Joer an de private Busreseau. Dat alles äntwert Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.