Och zu Lëtzebuerg sinn d'Zuele vum Januar a Februar am Verglach zu leschtem Joer staark geklommen. Bei Bensinner an Diesel ass d'Zuel dogéint erofgaangen.

An der EU gi weiderhi méi Elektroautoe verkaf. An den éischten zwee Méint vum Joer waren et 255.000 Gefierer, wat e Plus vun 28 Prozent géintiwwer Januar a Februar 2024 mécht. Dës Zuelen huet den europäesche Verband vun de Konstrukteuren, ACEA en Dënschdeg confirméiert.

De stäerksten Zouwuess gouf et an Däitschland an an der Belsch. Hei am Land sinn 2.076 nei reng Elektroautoen ugemellt ginn, och dat ass e Plus vu gutt 20 Prozent am Joresverglach. Bei de Bensinner waren et der 2.420 a ronn 1000 Stéck mat Dieselmotor, wat allkéiers e Minus vu ronn engem Véierel ausmécht.

Am Ganze goufen hei am Grand-Duché 8.400 Autoen an den éischten zwee Méint vum Joer nei ugemellt.

Grousse Minus bei Tesla

Wärend d'Elektromobilitéit am grousse Ganzen u Beléiftheet gewënnt, muss eng Mark fir Elektroautoen ee grousse Verloscht bei de Verkafszuelen astiechen. An den éischten zwee Méint vum Joer sinn d'Verkafszuele vum US-amerikaneschen Autoshiersteller Tesla ëm 49 Prozent erofgaangen. Dat huet den Autoshiersteller-Verband ACEA en Dënschdeg och verëffentlecht. A ganz Europa goufen deemno just nach 19.046 nei Autoe vun der Mark vum CEO Elon Musk verkaf, wat en Undeel um Marché vun 1,1 Prozent ausmécht.