Wie vu Süden, also vu Schieren hir, an Ettelbréck erafiert, dee kann dat grousst Gebai um Site vun der fréierer Zigarettefabrick net iwwersinn.

Wärend de Centre administratif Nordstad bannen ëmmer méi Form unhëlt, lafe baussen d'Aarbechten, fir d'Gebai mat den ënnerierdeschen Infrastrukturen an der Avenue des alliés ze verbannen. Ponts et chaussées profitéieren dovunner, fir d'Strooss esou ze amenagéieren, datt den Trafic hei an Zukunft méi flësseg leeft. Den Ausbau vun der B7 op 4 Spuere léisst iwwerdeems weider op sech waarden.

Zanter zwou Woche rullen an der Ettelbrécker Avenue des alliés d'Baggeren. Op enger Längt vun 300 Meter gëtt d'Strooss reamenagéiert. Konkret bedeit dat, datt se méi breet gëtt. A Richtung Süden kënnt eng zousätzlech Spuer mat engem Bypass fir déi Gefierer bäi, déi op Schieren fuere wëllen. A Richtung vum Ettelbrécker Zentrum kënnt eng Spuer fir déi Gefierer bäi, déi lénks an d'Rue Jean-Pierre Thill fuere wëllen. D'Kräizung gëtt zudeem mat roude Luuchten ekipéiert. Deen een oder anere freet sech vläicht, firwat hei kee Rond-point hikënnt.

De Marc Ries, Chef de division Diekirch bei Ponts et chaussées erkläert:

"Éischtens ass d'Plaz hei beschränkt, dat wier schwiereg gewiescht, ee Rond-point hei sur place ze kréien. An ee Rond-point ass ëmmer een Element, dat een net méi ka steieren. Dat heescht, eng rout Luucht kann ee steieren, déi sinn intelligent, déi passe sech der Situatioun vum Trafic un, falls mol eng Kéier ee Réckstau ass, ginn d'Gréngphasen eventuell méi laang. Bei engem Rond-point ass dat net méiglech, dofir ass de Rond-point op dëser Plaz net déi ideal Léisung." 

Direkt niewendrun, an der Rue Jean-Pierre Thill, wou et an d'Industriezon erageet, soll iwwerdeems ee klenge Kreesverkéier kommen. Hei muss een neie Kanal geluecht ginn an d'Gemeng profitéiert dovunner, fir d'Industriezon e bëssi méi verkéiersberouegt ze gestalten.

Net wäit vun dësem Chantier ewech läit d'B7. Rezent wollt den 1. Ettelbrécker Schäffen an CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf an enger Question parlamentaire wëssen, wou de véierspueregen Ausbau vun der Strooss um Deel tëscht dem Enn vun der A7 an dem Echangeur Ettelbréck drun ass. Dee war Mëtt 2021 an der Chamber ugeholl ginn a fir dëst Joer si méi wéi 10 Milliounen Euro am Budget pluriannuell virgesinn. Geschitt ass bis elo awer nach näischt.

"Natierlech ass et kloer, datt mir eis als Gemeng wënschen, datt dat lo eng Kéier ugeet an datt deen Ausbau kënnt, well awer och et eng Entlaaschtung insgesamt an der Regioun mat sech bréngt. Mir liewen hei an der Nordstad topographesch einfach an enger Regioun, wou daagsiwwer ganz vill Autoe mussen doduerch fueren, fir a Richtung Stad oder a Richtung Norde weiderzefueren. An do sinn natierlech déi Elementer, déi Contournementer an déi bestoend Elementer wéi d'B7 elementar, datt déi gutt funktionéieren", sou den Ettelbrécker Buergermeeschter Bob Steichen.

Firwat den Ausbau vun der B7 schleeft, ass net kloer. D'Iwwerreschter vun der Réimer-Villa op der Héicht vu Schieren sollen op alle Fall net de Grond sinn. Eng Verbesserung kéint et iwwerdeems geschwë beim berüchtegte Rond-Point beim Däich zu Ettelbréck ginn. Do wiere sech d'Gemeng Ettelbréck a Ponts et chaussées eens, fir Adaptatiounen ze maachen. Wéi eng genee, gouf awer nach net verroden.